Large Scale TestPaulette Lenert: Bis zu 20% vun den Tester kënne falsch negativ sinn

RTL Lëtzebuerg
An enger Äntwert op 2 parlamentaresch Froe geet d'Gesondheetsministesch méi genau op d'positiv an d'negativ Tester an op d'Quarantän an.

Bis zu 20% vun den Tester kënne falsch negativ sinn

Falsch positiv Testresultater wieren, och der Gesondheetsministesch no, äusserst geréng. Et misst een dovunner ausgoen, datt ee positiivt Resultat vun engem PCR-Test och positiv ass. Ëmgedréit wier et awer méiglech, datt Persounen, déi de Coronavirus tatsächlech hunn, negativ getest ginn. Jee nodeem, wéi gutt d’Qualitéit vum Ofstréch ass. Dat heescht, wéi déif mam Echantillon an den Hals oder d’Nues gefuer gëtt a wéi gutt den Zäitpunkt vum Ofstréch par Rapport zum Moment vun der Infektioun passt.

Änwert vum Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vum Françoise Hetto-Gaasch

Back to Top
CIM LOGO