Net waarm fir grouss ugeluechte Steiererhéijungen

© René Pfeiffer/Archiv
Esou reagéiert de Marc Wagener, Sousdirekter bei der Handelskummer, op d'Propose vum CSV-President Frank Engel.
Hie versteet am RTL-Interview zwar d'Sortie vum Frank Engel am Zesummenhang vun der Finanzéierung vun der Reprise a wéinst den Ongläichheeten, déi et gëtt.
Allerdéngs misst ee wëssen, firwat genee ee wat besteiert an d'Gesamtbild am Kapp behalen. Et kann een d'Akommes, d'Verméigen, mä awer och d'Consommatioun oder souguer nach "Externalitéiten" wéi den CO2-Ausstouss besteieren. Den Ekonomist vun der Chambre de Commerce erënnert och drun, datt d'Entreprisen, am Géigesaz zu de Privatpersounen, schonn eng Verméigenssteier bezuelen an datt d'Akommessteieren zu Lëtzebuerg schonn immens redistributiv wieren.
"Et ass schonn esou, dass e puer 100 Leit e puer Prozent duerstelle vum ganze Steierakommes an dass ganz vill Leit eigentlech knapps bis guer keng, oder ganz wéineg Steiere bezuelen. Dat heescht mir hu schonn eng extrem, soen ech emol, dynamesch Ëmverdeelung, déi duerch déi direkt Steieren eigentlech stattfënnt".
Amplaz mat neie Verméigenssteieren ze kommen, misst een éischter kucken, déi Steieren, déi et scho ginn, ze verbesseren, sou de Sousdirekter vun der Handelskummer weider. Géing eng Ierfschaftssteier an direkter Linn agefouert ginn, wat dem Marc Wagener ganz onprobabel erschéngt, da wier d’Iddi vun de Fräibeträg wuel interessant. D'Chambre de Commerce kéint awer net der Politik recommandéieren, esou eng Steier anzeféieren. Op jidder Fall misst ee verhënneren, datt sou eng Steier Konsequenzen op d'Transmissioun vun Entreprisen hätt oder allgemeng der Kompetitivitéit vun der Ekonomie géing schueden.
Keng weider Steier-Belaaschtung fir Betriber
Et ass eng Diskussioun, déi jidderee betrëfft, ma net jiddereen huet déi selwecht Vue dorobber. Bei der Debatt ëm d'Besteierung vum Verméigen, déi vum CSV-Parteipresident Frank Engel lassgetrëppelt gi war, misst virop duerno gekuckt ginn, dass Lëtzebuerg eng kompetitiv Steierlandschaft behält an dass d'Betriber net duerch eng weider Besteierung belaascht ginn, heescht et vun der Chambre de Commerce.
Eng Ierfschaftssteier gesäit ee bei der Chambre de Commerce éischter kritesch, well op kee Fall dierft verhënnert ginn, dass Familljebetriber an der Famill verierft ginn, wéi den Chief Operating Officer vun der Handelskummer Marc Wagener erkläert.
"Wann d'Politik wëllt – an et gesäit net esou aus, wéi wann dat esou wär – op dee Wee goen, da muss een assuréieren, dass um Niveau vun den Entreprisen, wann ech elo vun enger Transmission d'entreprise beispillsweis schwätzen am Kader vun enger Ierfschaft, dass esou Saachen awer vun där doter Saach net influenzéiert wären, well soss riskéiert jo awer do an enger Transmissioun vun enger Entreprise Substanz an Aarbechtsplazen an och eng Richesse économique verluer ze goen.“
Egal wéi wier et den Ament och nach ze fréi, fir iwwert d'Aféiere vun neie Steieren oder d'Erhéije vun aktuelle Steieren ze diskutéieren.
"Natierlech gëtt dann iergendwann de Kassensturz gemaach an da wäerten Iwwerleeunge kommen, wat ech besteieren. An da kann ee soen, ech besteieren Akommes, ech besteiere Konsum, ech besteiere Verméigen, ech mengen, wann een op de Wee geet vum Verméigen, ass een awer an enger Situatioun, wou een eigentlech seet, dass ee Saachen duebel besteiert. Well fir dass et Verméige gëtt, war et iergendwann Revenu an dee Moment ass et jo besteiert ginn.“
Als Ausgangspunkt fir eng seriö Diskussioun vun Ëmverdeelung vu Verméigen misst ee fir d'aller éischt d'Ziler vun esou enger Reform festleeën, fënnt de Marc Wagener.
"Wat ech e bësse vermëssen an der Diskussioun, ass, d'Finalitéit eng Kéier festzesetzen. Geet et drëm, méi Suen eranzekréien, geet et drëm, méi Gerechtegkeet ze kréien, geet et drëm, fir aner ekonomesch Choixen ze favoriséieren? Wann een d'Finalitéit net definéiert, dann ass d'Instrument och müßeg, well da wäert et ni Zilorientéiert kënne goen. Also fir d'éischt d'Ziler festsetzen, wou een hiwëll an da kann ee kucken, wéi eng Hiewelen een da ka beweegen, fir an déi Richtung ze kommen.“
An der Diskussioun ëm d'Besteierung vu Verméigen, erënnert d'Chambre de Commerce dorunner, dass d'Betriber schonn eng Verméigenssteier bezuelen. An dass ee sech och enger Grondsteier prinzipiell net verschléisst, ma eng Ierfschaftssteier dierft op kee Fall verhënneren, dass Betriber vu deenen nächste Generatioune kënnen iwwerholl ginn.