D'Land riskéiert, "plakeg" do ze stoenLëtzebuerg wier am Fall vun enger Kris net preparéiert, sou d'LSAP

Claudia Kollwelter
Et wier elo un der Regierung ze liwweren, fir d'Resilienz vun der Bevëlkerung ze stäerken, sou d’Fuerderung vun der LSAP-Fraktioun.
D'Taina Bofferding an d'Paulette Lenert bei der Pressekonferenz de 26.1.26.
D’Taina Bofferding an d’Paulette Lenert bei der Pressekonferenz de 26.1.26.
© LSAP

“Bei der nächster Kris riskéiert Lëtzebuerg plakeg do ze stoen.” Lëtzebuerg wier net preparéiert am Fall vun enger Kris bedauert d’LSAP Fraktioun, déi e Méindeg de Mëtteg op eng Pressekonferenz invitéiert hat a konkret Aktioune vun der Regierung gefuerdert huet.

D’Land riskéiert “plakeg” do ze stoen - Reportage vum Claudia Kollwelter

Eng Strategie géif et wuel um Pabeier ginn, wann et awer zu enger Kris kéim, wéissten déi mannste Leit wat se maache missten, huet d’Paulette Lenert betount. Schonn am Abrëll zejoert gouf eng LSAP-Motioun iwwert d’Resilienz a Krisemanagement an der Chamber ugeholl, zanterhier wier awer näischt méi geschitt. Aner Länner wieren aktiv. Net fir Panik ze maachen, mee vir Panik ze evitéieren. Eleng mat engem Internetsite géif et laang net méi duer goen: “Mir brauchen eng Campagne un d’Stéit, déi och altersgerecht ass. Am Ausland ginn et Broschüren, déi sech un d’Kanner riichten, un eeler Leit. Spideeler musse preparéiert sinn. Zu Lëtzebuerg hu mer en plus déi speziell Situatioun, datt dausende Frontalieren all Dag heihi kommen. Wann op ee mol, vun engem Moment op den aneren, alles stëll steet, wat geschitt da mat hinnen? Sinn si informéiert, wou se mussen hi goen? Wou kommen se ënner Daach?”

Sensibiliséieren géif och heeschen, datt een reegelméisseg mat Informatiounen un d’Leit geet, an net just mat engem “One-shot”. Och Übungen mat de Gemengen an der Zivilbevëlkerung wieren eng Piste, seet d’Taina Bofferding: “Do ginn et am Ausland och ganz flott Aktiounen, wou d’Leit och léieren, wéi se mat esou enger Situatioun eens ginn. Hei am Land hate mer mol sou gréisser Übungen, mat den Hëllefskräften, mat der Police, mam CGDIS. Mee et ass och wichteg fir d’Leit, fir d’Bierger a Biergerinnen mat anzebannen.” Wann ee bis an enger Kris ass, misst ee kënnen iwwert multipel direkt an indirekt Informatiounskanäl d’Leit informéieren.

Och den LU-Alerte misst do eng zentral Roll spillen an dofir weider ausgebaut ginn: “Datt een net just warnt, mee eben och konkret Recommandatioune gëtt. Zum Beispill wann e Problem mam Drénkwaasser ass, datt dann och matgedeelt gëtt, datt een d’Waasser muss ofkachen. Oder wann dobaussen Stuerm ass, datt een och seet, gitt elo w.e.g net virun d’Dier. Dat heescht och do ass et wichteg, net just ze warnen, mee konkret ze soen,wat an där Situatioun vun de Leit erwaart gëtt.”

Eng weider Fuerderung vum Taina Bofferding ass déi vun engem obligatoreschen 1. Hëllefscours, deen hirer Meenung no zum Beispill un de Führerschäin ugeknäppt wier. Et wier elo un der Regierung ze liwwere fir d’Resilienz vun der Bevëlkerung ze stäerken sou d’Fuerderung vun der LSAP-Fraktioun.


PDF: D'Schreiwes vun der LSAP zu der "Nationaler Resilienz-Strategie".

Back to Top
CIM LOGO