Lëtzebuerg ass mat eent vun den éischte Länner, déi eng gesetzlech Basis fir de medezinesche Cannabis geschaaft hunn. Zanter 2019 leeft de Pilotprojet.

Am Februar 2021 ass de politesche Stéchdatum: da soll de Bilan gezu ginn. Mam Rapport kann een da Mëtt 2021 rechnen. Wéi leeft de Projet da bis ewell? D'Annick Goerens huet elo scho fir eis mat der Gesondheetsministesch Paulette Lenert geschwat.

Tëschebilan "Medezinesche Cannabis" / Rep. Annick Goerens

Bis ewell ass de Projet e Succès, op d'mannst wann een d'Zuele kuckt. D'Demande no medezineschem Cannabis ass grouss an klëmmt och ëmmer weider. Zanter Januar 2019 krute bis ewell eng 630 Patiente medezinesche Cannabis verschriwwen, erkläert d'Paulette Lenert.

„Do si mer elo bei enger Moyenne vu 40 Gramm pro Patient. An op d'Joer gekuckt, do ass d'Demande zimmlech eropgaangen, do si mer mengen ech fir 2020 bei 270 Kilogramm op d'Joer.“

Wien kritt medezinesche Cannabis?

D'Krittären, fir medezinesche Cannabis ze kréien, sinn awer ganz restriktiv, präziséiert d'Gesondheetsministesch. Am Reglement goufen nämlech just 3 Ouverturë geschaaft.

„Dat Engt ass bei Maladies graves, also schwéiere Krankheeten an engem avancéierte Stadium, déi wierklech mat Schmerzen a mat Symptomer verbonne sinn, déi ee schwéier anescht an de Grëff kritt. Dat mécht ongeféier 90 Prozent aus. Dann däerf et agesat gi bei kriibskranke Patienten, déi an enger Chemotherapie sinn, well e gudden Impakt bewierkt gëtt bei Iwwelzegkeet. An dann och fir bei Krämp anzebannen, dat ass spezifesch bei der Multiple Sklerose, wou dat och an den Asaz kënnt. Mä wéi gesot, déi grouss Majoritéit ass wierklech an der Schmerztherapie.“

Op nach weider Ouverturë fir aner Krankheetsbiller gemaach ginn, soll een definitiv net ausschléissen, betount d'Ministesch. Dat géing och mat Experte gekuckt ginn a wär ee vun den Haaptpunkte bei der Evaluatioun vum Pilotprojet d'nächst Joer.

„Ass dat präzis genuch? Ass et net ze large? Ech mengen et ass awer och Cannabis, deen hei gratis iwwer Ordonnancen zur Verfügung gestallt gëtt. Do muss een och schonn oppassen, dass et wierklech zweckgebonnen ass.“

Eng 240 Dokteren kënne medezinesche Cannabis verschreiwen

Et ginn eng 2.200 Generalisten a Spezialisten am Land. Ma net all Dokter dierf och medezinesche Cannabis verschreiwen.

„Dir wësst mir hunn d'Optioun hei zu Lëtzebuerg geholl, dass et op Ordonnance ass. Fir kënnen esou eng Ordonnance auszestellen, muss den Dokter eng Formatioun virdru gemaach hunn. Et ass eng relativ kuerz Formatioun, ech menge 6 Stonnen. Dat si Stand haut ronn 240 Dokteren, déi déi gemaach hunn. Déi hu quasi alleguer scho Prescriptioune gemaach.“

Zu Lëtzebuerg gëtt sech och agesat, dass de medezinesche Cannabis virun allem soll inhaléiert ginn, well et manner Impakt op d'Gesondheet hätt, wéi d'Fëmmen. D'Gesondheetsministesch erkläert, dass et ganz ënnerschiddlech Produite ginn.

„Et ass deels e Mix vun THC, als Tetrahydrocannabinol a CBD, wat Cannabidol ass. Oder awer een anere Produit, dee wierklech méi staark THC-lasteg ass. Do hu mer och gesinn, dass déi Demande an d'Luucht geet. Do ware mer d'lescht Joer bei Zweedrëttel vun den Demanden an elo 80 Prozent awer.“

Kéint Lëtzebuerg an Zukunft selwer Cannabis ubauen?

D'Distributioun vum Cannabis wär ganz staark encadréiert iwwer d'Spidolsapdikten. Lëtzebuerg importéiert vun engem kanadesche Produzent via Däitschland, wou dann nach déi europäesch Qualitéitsnorme kontrolléiert ginn. Kéint Lëtzebuerg an Zukunft vläicht selwer medezinesche Cannabis produzéieren?

„Also dat ass scho komplex am Ubau mat staarken Oplagen. Dat ass schonn denkbar. Stand haut ass eben nach alles reng um Import, mä et si Konditioune gesat, dass ganz enk encadréiert wat dat misste fir Oplage sinn, wann een national produzéiert. Ech denken, dass dat eng Piste ass, déi och ka gaange ginn an Zukunft.“

Formell wären nach keng Enquêtë bei Patiente gemaach ginn, ma informell hätt ee vill positive Feedback kritt. D'Liewensqualitéit vu Leit, déi vill mat Péng geplot sinn, géing ganz däitlech eropgoen an dat wär och d'Zil, sou d'Ministesch Paulette Lenert.

Wat d'Legaliséiere vu rekreativen Cannabis ugeet, huet d'Gesondheetsministesch präziséiert, dass d'Aarbechten äifreg ëmgaange wieren an dass si dofir keng Aussoen doriwwer wéilt maachen. Dass ee sech awer um hollännesche Modell inspiréiert, wär jo kee Geheimnis, sou d'Paulette Lenert.