Konstruktiv Gespréicher am Aarbechtsgrupp vum Gesondheetsdësch
D'Ministere Paulette Lenert a Romain Schneider hu sech e Mëttwoch den Owend positiv iwwer de Verlaf vum Gesondheetsdësch geäussert.
Et war eng éischt Reunioun vun engem Aarbechtsgrupp vum Gesondheetsdësch, dee virop ëm de grousse Personalmanktem am Gesondheetssecteur gedréint huet.
Dee Problem misst elo dréngend ugaange ginn, fir mëttelfristeg eng Penurie z'evitéieren, esou d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert. Well eleng mat Lëtzebuerger Personal kéint een de Besoin vum Grand-Duché net ofdecken. Ma grad och Lëtzebuerger, déi am Ausland studéiert hunn zum Beispill, géife sech dacks fir Aarbechtsplazen am Ausland decidéieren.
Deemno wëll een elo dofir suergen, dass d'Aarbechtsëmfeld hei am Land méiglechst attraktiv gëtt. Kuerzfristeg sollen dann och Promotiounscampagnë lancéiert ginn, fir méi Leit fir Gesondheetsberuffer ze begeeschteren.
Bis Dezember sollen d'Aarbechtsgruppen alleguer eng Kéier zesummekommen, esou dass en éischte Bilan nach virun Enn dës Joers kéint gemaach ginn.
Piste géint Penurie am Gesondheetssecteur
Ob Dokteren, Infirmieren an anert Gesondheetsberuffler... si all si systemrelevant. Dat huet d’Pandemie nach emol däitlech gemaach. Zanter laangem ass awer och gewosst, dass et zu Lëtzebuerg u Gesondheetspersonal feelt. Wéi kënne mer eis opstellen, fir dat an Zukunft ze änneren? An engem Aarbechtsgrupp am Kader vum Gesondheetsdësch goufen haut Pisten ausgeschafft fir dës Beruffer méi attraktiv ze maachen.
3 Dokteren op 1000 Awunner... Lëtzebuerg schneit am Verglach zu den Nopeschlänner, Holland an der Schwäiz am schlechtsten of. Läit och däitlech ënner der OECD Moyenne vun 3,8. Deemno war ee sech haut um Gesondheetsdësch deen iwwer d’Quadripartite erausgoung, eens datt ee séier misst handelen. 5 Piste goufen hei op de Leescht geholl.
Esou sollen déi eenzel Beruffsbiller op de Leescht geholl ginn, d’Opdeelung vun den Aufgaben analyséiere ginn a kucken, ob ee sech fir Zukunft net anescht opstelle misst
Fakt ass och, datt vill Jonker déi Medezin studéieren no hirem laange Studium am Ausland bleiwen. Eng Tendenz, déi ee wëll ëmkéieren. Mat attraktive Formatiounen an Aarbechtsbedingungen an enger moderner zukunftsorientéierter Medezin wëll een déi Bescht op Lëtzebuerg kréien.
Innovatioun an Digitalisatioun wiere weider Hiewelen, déi ee misst aktivéieren, fir sech zukunftsfäeg opzestellen. Da misst een awer d’Méiglechkeet consideréieren, fir datt Medezinner an aner Gesondheetsberuffler sech an enger Gesellschaft zesummendoe kéinten. Dat ass bis ewell net méiglech. Kéint awer grad fir Jonker interessant sinn, fir kënne gréisser Investissementer ze maachen. A méi Flexibilitéit ze hunn.
D’Infirmiere spille bei de Soinen eng ëmmer méi wichteg Roll. Mat 11,7 op 1.000 Awunner leie mer do däitlech iwwer der OECD Moyenne vun 8,6 an am Mëttelfeld par rapport zu den Nopeschlänner, Holland an der Schwäiz. Ma et géife sech ëmmer manner Jonker an der Infirmièresschoul aschreiwen. Dofir soll elo relativ séier eng Campagne lancéiert ginn fir dësen, awer och aner Gesondheetsberuffer ze promouvéieren. Et sinn dëst éischt Iddien, vu Konklusioune kéint een nach net schwätzen. An den nächste Woche sollen déi eenzel Iddien an zousätzlechen Aarbechtsgruppe verdéift ginn.