2017 ass déi "fréi méisproocheg Bildung" an de Kanner-Betreiungsstrukturen zu Lëtzebuerg a Kraaft getrueden.

An de Crèche soll d'Méisproochegkeet weider gefërdert ginn. De Fokus vum Fuerschungsprojet COMPARE läit op der Zesummenaarbecht tëscht Elteren an Educateuren. Konkret geet et drëms, sougenannt Multiliteracies ze ënnerstëtzen a weider z'entwéckelen.

„Multi“ bedeit vill a „ Literacies“ sinn all déi Erfarungen, déi Kanner mat Schrëftsprooch maachen, zum Beispill, wa se e Buch virgelies kréien, beim Sange, Reimen oder Fangerspiller. D’Zil vum Projet ass et, d’Erzéiungspersonal an de Betreiungsstrukture weiderzebilden an hinnen Iddie mat op de Wee ze ginn, wéi se méisproocheg Aktivitéiten an der Crèche kënnen ëmsetzen. Gläichzäiteg solle se awer och léieren, mat den Elteren zesummenzeschaffen, fir dass d’Kanner och doheem op méi Manéiere mat Sproochen a Kontakt kommen.

Kanner, déi fréi Erfarunge mat „literacy“ géife maachen, hätten et nämlech herno méi einfach, liesen a schreiwen ze léieren, erkläert d’Claudine Kirsch. D’Sproochewëssenschaftlerin vun der Uni Lëtzebuerg weist och drop hin, dass Kanner mat Migratiounshannergrond an aus méi schwaache sozioekonomesche Famillje manner gutt Lies- a Schreiffäegkeeten hätten an dofir och manner gutt an der Schoul géifen ofschneiden. Ëmsou méi wichteg wier et, dass Elteren an Educateure méi géifen zesummeschaffen, fir esou d’Méisproochegkeet ze fërderen.

2017 ass jo d’Education plurilingue an de Betreiungsstrukturen zu Lëtzebuerg a Kraaft getrueden an dee Programm hätt sech och bewäert. E géif um Terrain ëmgesat ginn an et géifen och net just Lëtzebuergesch an Franséisch dominéieren, mä ganz vill verschidde Mammesprooche géife valoriséiert ginn. Elo misst eben nëmmen nach d‘Kollaboratioun tëscht Elteren an dem Erzéiungspersonal gestäerkt ginn.

Um Freideg, 9. Oktober ass an deem Kontext eng grouss Onlinekonferenz, un där eng 250 Educateuren Deel huelen. Hei gëtt de Projet COMPARE virgestallt an éischt Resultater gi presentéiert a mëttes ginn online Workshoppen ugebueden. De Fuerschungsprojet COMPARE gëtt vum Fonds National de la Recherche, der Uni Lëtzebuerg, dem Educatiounsministère an dem Service National de la Jeunesse ënnerstëtzt. E gouf am Januar dëst Joer lancéiert a leeft nach bis Juli 2021. An där Zäit ginn d’Ëmsetzungen um Terrainen, grad ewéi Aussoe vun Educateuren an Elteren och wëssenschaftlech analyséiert.