D'ADR wier net no riets gerutscht, ma déi aner Parteie wieren no lénks fortgelaf
Dat war eng vun den Aussoe vum ADR-Parteipresident Jean Schoos e Sonndeg de Moien um Nationalkongress vun der Oppositiounspartei.
„Mir sinn net no riets gerutscht, déi aner sinn all no lénks fortgelaf“, dat sot de President vun der ADR Jean Schoos e Sonndeg de Moien um Nationalkongress vun der Alternativ demokratescher Reformpartei. D’ADR wier zu Lëtzebuerg aus der politescher Diskussioun net méi ewechzedenken.
D’ADR géif och net wéi déi aner Parteie just Politik "fir" d’Leit maachen, mä "mat" de Leit, huet de Michel Lemaire, President vun der ADRenalin, deene Jonken also vun der Oppositiounspartei gemengt.
Vun 9 Auer u souze ronn 80 Membere vun der ADR zu Ettelbréck an der Däichhal beieneen. Aktuell zielt d'Partei eng 1.780 Memberen.
Klima, Migratiounspolitik an de Logement sinn dräi Themen, zu deenen d'ADR Resolutiounen ugeholl huet. D’ADR ass zum Beispill iwwerzeegt dass den onmoossegen onkontrolléierte Wuesstem zu Lëtzebuerg d’Wunnengsproblematik verursaacht. Fir d’Partei ginn et och eng Rei Saachen déi sécher net hëllefen de Logementsproblem ze bekämpfen, sou den ADR Deputéierte Roy Reding.
Fir den déngschteelsten Deputéierte Gast Gibéryen war et dëse Sonndeg dee leschten Nationalkongress a senger Funktioun. Hie geet d'nächst Woch jo an d‘Pensioun. Fir hie réckelt de Fred Keup an d'Chamber no. Den neie Chef vum Groupe parlementaire vun der ADR, de Fernand Kartheiser, huet um Nationalkongress am Numm vun der ganzer Partei de Gast Gibéryen perséinlech ugeschwat a geéiert.
De Gast Gibéryen konnt d’Tréine vu Réierung net zréckhalen. Hien huet senge Parteikolleege "Merci" gesot a gemengt, d’Partei wier aktuell esou gutt opgestallt, dass se och ouni hien déi nächst Wale géif gewannen. D’Zil vun der ADR wier et dem Fernand Kartheiser no, national mat op d’mannst 5 Deputéierte Fraktiounsstäerkt z'erreechen an op EU-Niveau ee Vertrieder vun der ADR am Europaparlament ze kréien.