Dësen Hierscht ass et besonnesch wichteg, sech géint d’Gripp impfen ze loossen. Dee Message huet een dacks genuch aus der Santé héieren.

Engersäits fir z’evitéieren, datt een net weess, ob eventuell Symptomer op de Coronavirus oder awer op eng saisonal Gripp zréckzeféiere sinn, an anerersäits fir net déi 2 ze kréien. Ma elo sollen d’Impfdosisse scho knapp ginn. RTL huet beim President vum Apdikter-Syndikat nogefrot, wat dat heescht.

D’Demande wier dëst Joer op d’mannst duebel sou grouss, besonnesch vulnerabel Persoune wieren och méi sensibiliséiert. Mam Resultat: Den Ament si quasi keng Impfungen an den Apdikten ze kréien, e Phenomen net nëmmen hei am Land, ma och bei den Noperen.

Zu Lëtzebuerg géifen dëst Joer 3 Firmen Impfstoffer liwweren, sou den Alain De Bourcy, President vum Apdikter-Syndikat: "Vun deenen 3 huet all Firma hir Politik, dat heescht Flucelvax an Influvac vu Mylan, déi hu geliwwert, déi Liwwerunge sinn ukomm an déi si scho verkaf an do kënnt och näischt méi no. An GlaxoSmithKline, wat meeschtens zu Lëtzebuerg dee gréisste Fournisseur war, déi liwweren an e puer Kéieren."

Enn dës Mounts soll nach eng Liwwerung kommen an dann am Dezember. Besonnesch bei vulnerabele Persoune wier et am beschten, se géifen esou séier wéi méiglech geimpft ginn. Déi géifen och elo virgeholl ginn, mä...: "Do ass eng Circulaire komm, vun der Direktioun vun der Santé, mä déi ass awer leider eréischt komm, do haten 3/4 vun den Apdikte scho kee Vaccin méi."

Déi gutt Noriicht awer: D’Grippen-Epidemië kéimen an der Reegel eréischt fréistens Enn Dezember, sou dass een awer och nach e bësse Sputt hätt.

Wéi et vum Cercle vun de Generalisten op Nofro heescht, sinn d’Commanden an den Altersheemer iwwerdeems zum gréissten Deel schonn ukomm. Berouegend Nouvellen hätt een iwwerdeems vun der südlecher Hallefkugel, wou elo Wanter war: "Wann een elo kuckt, déi grouss Länner, Australien, Argentinien, do ware verschwindent wéineg, bis ganz wéineg Grippen. An dat huet ganz sécher och mam Confinement ze dinn, mat de Gestes barrières, mir desinfizéieren eis méi, mir passe méi op, mir di Masken un, et war do eng ganz roueg Grippesaison."

A vue dass wéinst der Corona-Pandemie vill manner geflu gëtt, kéint d’Gripp sech och manner duerch d’Welt verbreeden. De President vum Apdikter-Syndikat geet dovunner aus, datt et um Enn wäert duergoe mat den Impfungen, och wann déi aktuell Penurie Stress bedeit.