Winterlights 2020De Chrëschtmaart an der Stad ass ofgesot

RTL Lëtzebuerg
Fir keng gesondheetlech Risiken anzegoen, gëtt et deemno kee Chrëschtmaart an der Stad Lëtzebuerg.
De Chrëschtmaart an der Stad ass ofgesot
Fir keng gesondheetlech Risiken anzegoen, gëtt et deemno kee Chrëschtmaart an der Stad Lëtzebuerg.

D’Winterlights 2020 goufen annuléiert, och de Chrëschtmaart, dee vum 20. November bis den 3. Januar sollt sinn. Donieft kënnt de Kleeschen dëst Joer net op de Knuedler. Bäibehale gëtt awer déi feierlech Chrëschtbeliichtung. Op all aner Manifestatioune muss verzicht ginn.

Ugangs war geplangt, Stänn bei der Gëlle Fra, op der Place du Theatre, an der Grand-Rue, um Royal-Hamilius an an der Stroossbuerger Strooss opzeriichten. Och d’Schlittschongpist an d’Riserad ware virgesinn. “Mir hoffen, datt sech déi sanitär Situatioun doduerch net verschlechtert”, huet d’Lydie Polfer nach gesot.

Mat Bléck op déi aktuell Lag an déi vill Neiinfektiounen déi lescht Deeg huet d’Decisioun misse geholl ginn, de Chrëschtmaart dëst Joer ausfalen ze loossen.

Fir d’Forainen ass d’Annulatioun vum Chrëschtmaart e weidere schwéiere Schlag. Mat Bléck op déi aktuell Covid-Situatioun hätt een awer Versteesdemech fir d’Decisioun, esou de Charel Hary, President vun de Forainen. Besonnesch well och och net wéisst, wéi et nächst Joer weidergeet. Et géif ee lo mol no weideren Aidë froen. Keen Trouscht fir d’Forainen, vläicht e klenge fir d’Leit: Mat schéiner Beliichtung a flott dekoréierte Vitrinn soll an der Stad awer eng gewëss Chrëscht-Stëmmung opkommen. D’verkafsoppe Sonndeger an der Adventszäit wiere bis op weideres mol virgesinn, huet et op Nofro am Mëttelstands-Ministère geheescht.

Communiqué vun der Stad Lëtzebuerg

Pandémie COVID-19

Annulation des « Winterlights 2020 »

La Ville de Luxembourg tient à informer le public qu’en raison de la forte recrudescence du Covid-19, le Collège échevinal a pris la décision d’annuler les marchés de Noël et les animations hivernales dans le cadre des « Winterlights 2020 ».

Alors que les dernières évolutions ont montré que le virus est de plus en plus présent dans la société, la Ville de Luxembourg estime que l’organisation du marché de Noël n’est actuellement pas conciliable avec l’objectif d’endiguer la propagation du coronavirus.

Madame Lydie Polfer, bourgmestre, explique : « Malgré les efforts infatigables de notre Service Espace public, fêtes et marchés, les « Winterlights 2020 » doivent malheureusement se plier à la pandémie. Plus que jamais, nous devons être vigilants et être à cheval sur les gestes barrières et les mesures sanitaires en vigueur. L’organisation d’un marché de Noël risquerait de compromettre la santé des résidents et visiteurs de la ville. Le Collège des bourgmestre et échevins a donc pris la décision de renoncer cette année aux marchés de Noël et animations dans la capitale. »

La ville sera tout de même plongée dans une ambiance festive grâce aux innombrables décorations et illuminations qui seront mises en place dans la capitale.

Toutes les informations liées au coronavirus sont disponibles sur pandemie.vdl.lu.

Back to Top
CIM LOGO