De Corona-Impstoff vu Biontech/Pfizer versprécht 90 Prozent Effikassitéit.

Sollt dat sech confirméieren, wär et spektakulär, sou den Infektiolog Gérard Schockmel vun den Hôpitaux Robert Schuman. Spezialiséiert am Fach huet hien op den Universitéiten Oxford a Genève un RNA-Vire gefuerscht.

Wat elo déi 90% ugeet, déi dësen Impfstoff wierksam soll sinn, gëtt den Dr. Schockmel awer och ze bedenken, datt et zwar spektakulär kléngt, ma mat 90 Prozent wier ee wäit iwwer der Effikassitéit vun der Grippeimpfung. Dës Etüd wier och just een alleréischt Tëscheresultat unhand vu just 94 Leit, déi Covid entwéckelt hunn. An der Realitéit géif dat wuel net bei 90 Prozent leien.

Wann een der 500, 1.000 oder 10.000 hätt, hätt een och eng Statistik, déi méi zouverlässeg ass. Et fillt ee sech méi sécher, wann d'Diskrepanz méi grouss ass tëscht deem, deen e Placebo an deem, deen en Impfstoff krut huet.

E groussen Challenge gëtt d'Lagerung vun dësem speziellen Impfstoff. Bei Minus 80 Grad wär dat ganz opwänneg. Déi Temperatur muss zu all Moment respektéiert ginn, vun der Produktioun bis zu der Injektioun. Dat wier eng ganz Logistik. Dee kéint dann och net einfach an all Apdikt leie wéi bei der Grippeimpfung.

Nach géifen et immens vill Inconnue ginn, an Äntwerten op wesentlech Froe feelen.

Zum Beispill wéi laang d'Protektioun duerch eng Impfung unhält. Dem Dr. Gérard Schockmel no kann een iwwerdeems leider net dovun ausgoen, datt wann een geimpft ass, een de Virus net awer op en aneren iwwerdroe kann:

Mir ginn dovun aus an hoffen, datt wann ee bis geimpft ass, datt een dann eng gewëssen Immunitéit an der Long, mee och an der Nues an am Hals entwéckelt. Mee op déi 100%, do kënne mer de Moment net dovun ausgoen.

Och een, dee geimpft ass, sollt sech also am Prinzip weider un d'Mesurë vun der Distanz an dem Droe vun enger Mask halen, seet den Infektiolog. Eng weider Fro, déi onbeäntwert bleift, ass déi, ob Risikogruppen duerch e Vaccin geschützt wieren:

Dat sinn ënner Ëmstänn kleng Kanner, déi en Immunsystem hunn, dat net ganz entwéckelt ass. Dat sinn eeler Leit, de Gros vun eiser Bevëlkerung, déi hu keng sou staark Äntwert op Impfungen. Natierlech immunsupriméiert Leit, déi hunn e Problem, fir eng staark Äntwert op eng Impfung ze maachen.


D'EU-Verhandlunge mat Biontech-Pfizer fir de Corona-Impfstoff sinn iwwerdeems ofgeschloss. An den nächsten Deeg soll de Kontrakt ënnerschriwwe ginn. Dat fir 200 Milliounen Dose Vaccin, plus d'Optioun fir weider 100 Milliounen.

Pro Impfung sinn zwou Dosen, also zwou Sprëtzen néideg. Um Méindeg hate Biontech a Pfizer jo éischt Resultater vum Impfstoff presentéiert a vun iwwer 90% Wierksamkeet geschwat.