Enger internationaler Etüd no huet d'Integratioun vu Leit, déi op Lëtzebuerg migréiere sech iwwert déi lescht 5 Joer signifikativ verbessert.

Am MIPEX-Rapport, an deem 52 Länner uechter d'Welt matenee verglach ginn, fënnt Lëtzebuerg sech am Mëttelfeld erëm. Kritik gouf et virun allem um Santésberäich.

An der Etüd vum Migration integration Policy Index gëtt ënnersicht ewéi integrationsfrëndlech d'Politik vun engem Land par Rapport zu Migranten ausgeriicht ass. 64 vun 100 méigleche Punkte goufen et fir de Grand-Duché. E Plus vun 10 Punkte par Rapport zu 2014. Dat huet e Grond, esou d'Auteure vum Rapport. De Fuerschungsdirekter vun der Migration Policy Group, Thomas Huddleston:

"Mëttlerweil, gëtt et en Accès zur Nationalitéit. Virun allem fir déi, déi zu Lëtzebuerg gebuer goufen. Dat ass favorabel fir hir Participatioun um deegleche Liewen. Et ginn och aner politesch Mesuren, fir d'Participatioun ze promouvéieren an ze encouragéieren. Ënner anerem an der Lokal-Politik. Hei gëtt ee besser informéiert an et ass méi einfach gi fir sech ze implizéieren."Virun allem am Santésberäich misst awer weider geschafft ginn. Dëse wier net un Diversitéit vu Lëtzebuerg ugepasst. Dat gesäit een och bei der Asti esou.

Kritik gouf et och un der politescher Participatioun.

D'Laura Zuccoli: "Et gëtt effektiv e Gesetz, wat déi politesch Participatioun vun de Leit bestëmmt. D'Leit kënne sech aschreiwen op de Gemengewallëschten, dofir musse se awer 5 Joer waarden. An dat ass iwwerraschend. Et brauch een och 5 Joer, fir déi Lëtzebuerger Nationalitéit unzefroen. Respektiv en EU-Bierger, wat 83% vun eisen Net-Lëtzebuerger zu Lëtzebuerg duerstellt, muss och 5 Joer waarden. An anere Länner hätte se d'Walrecht direkt."

Virun de Gemengewale vun 2023 soll hei mat weideren Opklärungscampagnen nogehollef ginn, heescht et aus dem zoustännege Ministère. D'Integratioun an der Aarbechtsplaz a Logement bleiwen och gréisser Chantieren. An den nächste Méint a Jore soll d'Integratiounsgesetz weider op de Leescht geholl ginn.