An de Butteker gouf sech ugepasst, Mesuren en place gesat a Methoden ausgeschafft, fir d'Sécherheet vun de Clienten ze garantéieren.

Restauranten a Baren dierfen zanter en Donneschdeg keng Clientë méi empfänken. Ma fir en anere wichtegen Deel vun der Ekonomie fänkt awer grad elo eng wichteg Zäit un: De Commerce. Ëm 60% vum Ëmsaz maachen d'Geschäfter normalerweis virun de Chrëschtdeeg. An och de Black Friday, deen e Freideg ass, soll de Commerce an dësem schwéiere Joer ukuerbelen.

Et huet een sech ugepasst, Mesuren en place gesat a Methoden ausgeschafft, fir dass d'Clientë sech och drun halen. Fir d'Leit an de Geschäfter ze limitéieren, ginn et a verschidde Butteker zum Beispill och elektronesch Léisungen, déi zielen, wéi vill Clientë schonn dobanne sinn. D'Promoen um Black Friday, ma och doriwwer eraus sollen natierlech de Verkaf fërderen. Ma et soll net dozou féieren, dass ze vill Leit op enger Plaz zesumme kommen, betount den David Angel, Zentralsekretär vum OGBL-Syndikat vum Commerce.

"Et ass positiv fir jiddereen am Secteur, dass d'Butteker net hu missen zoumaachen. An dat wier elo dat Schlechtst, wat kéint geschéien, wann elo dëse Weekend erëm géinge Biller entstoe vun iwwerfëlle Geschäfter a vu Corona-Hotspots souzesoen. Dowéinst appelléiere mir do u jidderengem seng Eegeverantwortung, sief et als Employeur, sief et als Client, a mir appelléieren och un d'Salariéen, opzepassen, dass do näischt schif geet dëse Weekend."

Eng ganz Rei Butteker hunn dëst Joer - a virun allem duerch den éischte Lockdown am Fréijoer - hir Online-Presenz verstäerkt. Am Secteur géing een de virtuelle Shopping awer net als Konkurrenz gesinn, ma éischter al eng complementaire Méiglechkeet, fir déi eege Wueren och kënnen unzebidden, esou den Claude Bizjak, Directeur adjoint vun der Confédération du Commerce.

"U sech ass Black Friday haut en Evenement, wat an alle Kanäl zur Verfügung steet an dohier ass do a mengen Ae keng grouss Differenz. D'Leit ginn nach ëmmer immens gären an d'Geschäfter. Zemools wann ee Kaddoe keeft, da richt ee gären um Parfum, et kuckt ee gäre wat ee keeft an et léisst een et schéin apaken. Dat si lauter Saachen, déi den e-Commerce haut nach ëmmer net kann ubidden an déi en och muer net wäert ubidden."

Black Friday / Rep. Monica Camposeo

Virun allem elo an der Chrëschtzäit gëtt sech awer elo erhofft, dass d'Leit an d'Butteker ginn a virun allem déi lokal Commerçanten ënnerstëtzen, fënnt den David Angel vum OGBL.

"Mir ënnerstëtzen de reelle Commerce. Mir sinn natierlech frou, wann d'Leit an d'Butteker ginn an do hir Suen och ausginn an domadder natierlech och den Emploi an deem Secteur fërderen."

Esouwuel den OGBL, wéi och d'CLC sinn sech eens, dass de Virdeel vum Commerce an enger Pandemie, deen ass, dass d'Masken ëmmer kënnen ugehale ginn an dass een de Flux vun de Leit un d'Mesuren upasse kann.