Stad Lëtzebuerg wäert Groussgaass mat Bëtongsbléck ofsécheren
Schonn e Mëttwoch sollen déi Bléck an der Stad installéiert ginn. Op laang Dauer plangt d'Gemeng awer Pottoen, déi aus dem Buedem solle kommen, anzesetzen.
Nom Tëschefall en Dënschdeg de Mëtten zu Tréier huet d'Stad Lëtzebuerg och decidéiert, d'Agäng vun der Foussgängerzon mat Bëtongs-Bléck ofzesécheren.
D’Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet och scho mam Buergermeeschter vun Tréier Kontakt opgeholl. Et wéilt een sech solidaresch weisen:
„Et ass ee natierlech schockéiert. Mir hu schonn eng ganz Rei esou Attacke gesinn, mä ech mengen et ass mënschlech, dass, wat et méi nobäi kënnt, wat et een awer nach méi trëfft. An ech mengen dofir hu mir och direkt d’Decisioun geholl fir dëst Joer, obschonn et kee Chrëschtmaart gëtt, awer déi nämlech Sécherheetsmoossname fir d’Agäng vun de Foussgängerzonen ze garantéieren.“
All Agang soll bis e Mëttwoch den Owend mat provisoresche Bëtongsbléck securiséiert ginn. Ma et wier een awer scho virdrunner am Gaange gewiescht, eng méi laangfristeg Léisung auszeschaffen.
„Op all deene Plazen do Bornen ze maachen. Dat heescht Bornen, déi ee kann erop an erofmaachen. Dat géing et vill méi einfach maachen, well déi Bëtongsbléck fir d’Liwwerung ëmmer mussen deplacéiert ginn. Dat ass scho méi Aarbecht. Mä de Plang mat de Bornen, dee steet an dee wäerte mir am nächste Joer oder an de nächste Joren duerchsetzen.“
Esou Bornen gëtt et zum Beispill scho virum Ausseministère.
Virun allem nom Attentat zu Nice am Joer 2016 hätt d’Stad Lëtzebuerg ugefaangen, d’Sécherheetskonzept ze erweideren. Wat zu Tréier geschitt ass, géing weisen, wéi wichteg et wier, weider esou Moossnamen ze huelen.
De Communiqué vun der Gemeng
Luxembourg, le 1er décembre 2020
INFORMATION
Message de condoléances à la Ville de Trèves
Sécurisation de la zone piétonne à Luxembourg-ville
Suite à l’horrible incident qui s’est déroulé aujourd’hui dans la zone commerciale de la Ville de Trèves et qui a provoqué plusieurs morts et des dizaines de blessés, la Ville de Luxembourg tient à présenter à la Ville de Trèves et à ses habitants ses sentiments de profonde compassion et de solidarité et exprime aux familles des victimes ses plus sincères condoléances.
Afin d’assurer au mieux la sécurité de la zone piétonne, la Ville déploiera le système de bornes en béton armé dès demain soir.
Information communiquée par l’Administration communale
Luxembourg, le 1er décembre 2020