
An der leschter Woch goufe landeswäit am Ganzen 280 Kontrolle vun der Police gemaach, fir ze kucken, ob sech un d’Corona-Mesure gehale gëtt. Virun allem gouf gekuckt, ob sech un d’Ausgangsspär gehale gouf an och un d’Reegele betreffend Mënschenusammlungen.
A 15 Fäll waren et Privatpersounen, déi sech net un Aschränkunge bei privatem Besuch gehalen hunn, oder well Restauranten a Caféen géint déi sanitär Virschrëfte verstouss hunn. Ënnert anerem goufe bei enger Kontroll am Garer Quartier e Freideg den Owend 2 Persoune protokolléiert, well déi géint hallwer 12 nach an engem Bistro Gedrénks consomméiert hunn.
Am Ganze goufen an der leschter Woch landeswäit 150 Persoune protokolléiert, gréisstendeels well Leit nach tëscht 23-6 Auer ënnerwee waren. Eleng bei 2 Kontrolle bei Wolz an Iechternach hu 14 Leit bei Kontrolle misste bezuelen, well se ouni Grond nach sou spéit ënnerwee waren.
Hei nach eemol d’Erënnerung vun der Police, sech un d’Mesuren ze halen:
In diesem Sinne erinnern wir noch einmal an die gesetzlichen Maßnahmen zur Eindämmung der Ausbreitung des Virus, welche am 26.11. in Kraft getreten sind :
Die Polizei wird weiterhin Kontrollen durchführen.