"Et geet ëm eis Sécherheet an dat ass positiv", seet de Spezialist fir Infektiounskrankheete vun den Hôpitaux Robert Schuman iwwer de Corona-Impfstoff.

Geschwë soll jo och zu Lëtzebuerg ugefaange gi mat impfen.Et ginn awer nach ganz vill Froen, respektiv si vill Leit veronséchert.

Et ass eng nei Zort Impfstoff, nach ni gouf esou e Vaccin zougelooss.

Dr. Gérard Schockmel iwwer Corona-Vaccin / Rep. Dany Rasque

Den Dr. Schockmel erkläert, wat et mat deem sougenannte Messenger-RNA-Impfstoff op sech huet. Et wär wichteg ze wëssen, datt mat all Iessen RNA opgeholl gëtt. Och vu Kand u géifen eis Zellen, duerch Erkältungen, Millioune vun RNA-Vire produzéieren. Et wär och eng Zort Vaccin, déi ideal wär fir Risiko-Patienten, well hei keng lieweg oder ofgeschwächte Viren am Impfstoff dra wären.

Et wär och sënnvoll, datt jiddweree sech impfe léisst, och déi, déi scho Covid haten.

Wichteg wär et och ze wëssen, datt dëse Virus net esou mutéiert wéi zum Beispill den HIV-Virus. Sollt et awer dozou kommen, misst de Vaccin, wéi bei der Gripp ugepasst ginn. Wat elo déi natierlech Immunitéit ugeet, hätt déi hir Limitten an dat géif ee jo doru gesinn, datt d'Léit schwéier krank ginn an datt d'Leit um Covid stierwen.