Iwwerdeems d’ADR fuerdert, datt d’Leit fir Chrëschtdag solle kënnen an d’Mette goen, erënnert d’LSAP un d’Zuel vun Doudegen.

"Chrëschtdag net stierwe loossen", hat d’ADR op hirem Site geschriwwen, en Titel, dee sech op hire Communiqué vun e Mëttwoch bezitt. An deem Schreiwes huet d'ADR gefuerdert, datt fir Chrëschtdag d'Ausgangsspär opgehuewe gëtt an de Leit erlaabt gëtt, mat enger ëffentlecher Mass an enger Kierch ze feieren. Der ADR no hätt d’Regierung kee Recht sech an d'Privatliewen anzemëschen.

Deen Titel "Chrëschtdag net stierwe loossen" ass fir den LSAP-Parteipresident „pueren Zynismus“ an „eng riicht an d’Gesiicht vun all deenen, déi mat, wéinst oder duerch de Coronavirus dëst Joer gelidden hunn oder nach musse leiden“. D'Familljen, déi Krank, d'Leit aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur an nach vill anerer, sou den Yves Cruchten an der Nuecht op Facebook.

Den LSAP-President betount, kee Mënsch wier frou doriwwer, datt ee sech misst an dëse feierlechen Deeg aschränken. Et misst een och net mat all Mesuren averstane sinn, mee d’Zil wier et, ze vermeiden, datt et nach méi Leed gëtt. Den Titel vum Communiqué vun der ADR "Chrëschtdag net stierwe loossen" wier e makabert Wuertspill. Stand haut sinn 392 Mënschen un oder mam Coronavirus zu Lëtzebuerg gestuerwen, sou den Yves Cruchten.

D'ADR léisst d'Kritik net onkommentéiert

Op d'Kritik vun der LSAP reagéiert dann och den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser. Dee schreift, datt seng Partei natierlech och fir de Schutz vun der Gesondheet ass. Mee et wier d’LSAP, déi zanter Joren de Gesondheetsminister stellt an d'Land wier ganz schlecht op eng sanitär Kris virbereet gewiescht a verweist domat och op eng katastrophal Spidolsreform, déi virun allem d'LSAP ze veräntweren hätt.

A Punkto Schutzmoossnamen an de Schoulen an am ëffentleche Transport géif et Defiziter an Inkoherenzen, d'Regierung hätt ze mann oder ze spéit reagéiert. D'LSAP wéilt just vun de katastrophale Konsequenze vun hirer Politik oflenken.