Deen neien Ombudsman fir Kanner a Jugendlech seet, hie wier frou, fir sech déi nächst 8 Joer fir d'Kanner, déi Jugendlech an hir Rechter anzesetzen.

De Charel Schmit léisst de René Schlechter op dësem Posten of. Hie wéilt nolauschteren, verstoen an de Reklamatiounen nogoen, déi un hien eru gedroe ginn.

Dat sot de Charel Schmit, wéi en Invité am Journal op der Tëlee war. D'Zefriddenheet vun de Kanner an deene Jonke gëtt eng vu senge Prioritéiten. Eng Etüd vun der Uni Lëtzebuerg huet rezent gewisen, datt déi Zefriddenheet awer grad an der Pandemie staark zeréck gaangen ass.

"Den Impakt vun der Pandemie ass enorm op d'Liewe vun de Kanner. Dat eent ass direkt duerch d'Wuelbefanne vun de Kanner. Duerch den Homeschooling, duerch Fräizäitaktivitéiten, déi ewech falen, duerch den Teletravail vun den Elteren asw. Dovunner ass d'Wuelbefannen direkt impaktéiert."

De Charel Schmit geet dovunner aus, datt grad an deenen nächste Wanterméint d'Temperatur a ville Famillen nach klëmmt. Dofir wier et wichteg, datt jiddereen vigilent ass.

"D'Sozialservicer awer och déi no a méi wäit Famill, an ech mengen et ass och den Ament, wann et ze vill hëtzeg gëtt, fir sech dann Hëllef ze froen. Zum Beispill beim Service national de l'enfance, deen op 7 Plazen am Land ass."

De Charel Schmit Schmit schafft och fir d'Regierung un der Reform vum Jugendschutzgesetz. Do kéim ee gutt virun. Et wier an deene leschte 24 Méint méi geschitt, wéi an deene leschten 20 Joer.

"Dat ass enorm. Et ass eng politesch Prioritéit, och um Niveau vun der Chamber. Den Här Braz huet d'Dier opgestouss an d'Madamm Tanson ass doduerch gaangen. Et ass och eng Prioritéit bei deenen anere Ministère vun der Education nationale a vun der Gesondheet, déi un engem Strang zéien, fir dat an dëser Period nach ze realiséieren. Et geet ëm en Paradigmewiessel, fir eng kannerrechtsbaséiert Gesetzgebung ze kréien. Wou d'Rechter vum Kand gestäerkt ginn, wou d'Rolle gekläert ginn an do si mer um gudde Wee an do schaffen all déi Acteure ganz gutt zesummen, mä et ass de Privileeg vun der Justizministesch, fir déi Resultater ze presentéieren."

Wa Lëtzebuerg déi Reform net géif hikréien, seet den neien Ombudsman fir Kanner a Jugendlech, da géife si als alleréischt drënner leiden.

Dovunner ofgesinn, wier et awer och méiglech, datt dat eng Reform ass, ob déi aussepolitesch vill gekuckt gëtt, grad elo, wou Lëtzebuerg fir den UN-Mënscherechtsrot kandidéiert.