Nieft engem PCR-Test ass elo och e Schnelltest méiglech, fir sech op de Coronavirus testen ze loossen. Ëm 3 Stonnen dauert et bis een e Resultat kritt.

D'Statioun fir e Schnelltest gemaach ze kréien, ass direkt wann een era kënnt bei den Departen opgebaut.

Esou en Test ass awer nëmme méiglech, wann een um Findel lant a net wann een vun hei an d'Vakanz flitt.