
D'Menace géif awer och ganz allgemeng Froen iwwert de Schutz vu kritescher Infrastruktur opwerfen, huet Greenpeace Lëtzebuerg e Mëttwoch an engem Schreiwes matgedeelt. Greenpeace fuerdert déi Lëtzebuergesch Regierung op, Informatioune vun de franséischen Autoritéiten zu de Risike vun Dronenugrëff a Sabotageakten unzefuerderen. "Wa Cattenom net genuch virun esou Ugrëff geschützt ass, muss déi Lëtzebuergesch Regierung fuerderen, datt de Reakter erofgefuer gëtt."
Déi ganz Greenpeace-Etüd kënnt Dir Iech hei ukucken.
Eng nei Greenpeace-Etüd, déi d'Geforen duerch modern Drone fir franséisch Atomzentralen ënnersicht huet, kënnt zum Schluss, datt een Ugrëff op d'Zentral zu Cattenom schro Konsequenze fir Lëtzebuerg hätt. An der Etüd heescht et, datt an deem Fall d'Populatioun "net nëmmen aus Gebitter a Frankräich, mee och aus den Nopeschlänner Däitschland a Lëtzebuerg laangfristeg ëmgesidelt" misst ginn.
Dem Roger Spautz no, Expert fir Atomkraaft bei Greenpeace Lëtzebuerg, géifen déi aktuell Dronemenacë weisen, wéi eescht een d'Risiken duerch modern Drone misst huelen. Déi Lëtzebuergesch Bevëlkerung hätt ee Recht dorop ze wëssen, wéi gutt Cattenom virun esou Menacë geschützt ass.