CLC kann Decisioun net novollzéienAutorisatioun, fir wärend de Solde sonndes opzehunn, gouf zeréckgezunn

RTL Lëtzebuerg
De Minister Lex Delles huet decidéiert, datt d'Geschäfter wärend de Solden net op de Sonndeger dierfen hir Dieren ophunn.
© AFP

Vun dëser Decisioun sinn de 24. an den 31. Januar, esou wéi den 7. a 14. Februar betraff. Begrënnt huet de Minister seng Decisioun mat der aktueller Corona-Pandemie. Et erhofft ee sech, wann een d’Geschäfter sonndes zouléisst, datt manner Leit sech fir net wichteg Akeef deplacéieren.

Am Schreiwes vum Ministère gëtt dann nach präziséiert, datt d’Geschäfter sech och wärend de Solden alleguerten un déi aktuell sanitär Mesurë mussen halen. Esou dierfe kleng Geschäfter, déi manner wéi 20 Quadratmeter hunn, maximal zwee Cliente gläichzäiteg empfänken. Fir déi grouss Supermarchéen, mat enger Galerie, gëlle weider d’Mesuren aus dem Dezember 2020. D’Clientë musse weider an de Geschäfter Masken unhunn a si solle probéieren, déi néideg Distanzen zoueneen ze halen.

Fir d’CLC ass dës Decisioun awer net nozevollzéien. Et hätt een all d’Mesuren ëmgesat, fir dat d’Cliente kënnen sécher bei hinnen akafen. Donieft, wann de Sonndeg ewechfält, fäert een, datt op den aneren Dag nach méi Leit an de Butteker sinn. Grad op de Samschdeger kéint et dann dozou kommen, dann nach méi Leit an d’Geschäfter ginn, déi sech soss awer op zwee Deeg opgedeelt hätten.

PDF: De Communiqué vun der CLC

Back to Top
CIM LOGO