
Wat d’CO2-Moos-Apparater ugeet, goufen 9.000 Detektere vun zwou verschiddene Marke bestallt. Se ginn allen ëffentleche Grondschoulen, Lycéeën a Kompetenzzentren zur Verfügung gestallt.
Déi éischt 2.000 Apparater sinn entretemps vun de Fournisseure geliwwert ginn. D’Ausliwweren un d’Lycéeë fänkt e Freideg un. Bis d’Fuesvakanz wäerten all Lycéeën, Grondschoulen a Kompetenzzentren ekipéiert sinn.
D’Detektere moossen den CO2-Taux am Klassesall, d’Raumtemperatur an d’Loftfiichtegkeet a ginn e Signal, wann et Zäit ass, fir d’Loftqualitéit am Raum ze verbesseren. D’Detektere sinn domat eng präventiv Hëllef, fir op d’Wichtegkeet vum reegelméissege Lëften ze sensibiliséieren.
Weider deelt den Educatiounsministère op RTL-Nofro mat, datt d’Commande fir FFP2-Maske fir d’Enseignantë vun den ëffentleche Schoulen amgaangen ass. De Ministère stellt och de kommunale Museksschoulen e gewëssen Undeel un FFP2-Masken zur Verfügung.
D’Méiglechkeet vu Schnelltester an de Schoulen ass iwwerdeems aktuell amgaange gepréift ze ginn.
Et gëtt notamment analyséiert, ob Schnelltester fir Schoule sënnvoll sinn a wie se kéint realiséieren.
