10 Covid-Varianten zirkuléieren aktuell am Grand-Duché

Am LNS goufen am Kader vum genomesche Surveillance-Programm bis ewell bal 4.000 Echantillone sequenzéiert.
D'aktuell Ofdeckungskapazitéit vun 10% vu positive Fäll gehéiert zu den héchsten an Europa.
Aktuell ginn am Nationale Labo zu Diddeleng bal 400 Echantillonen d'Woch ënnersicht - dës Capacitéit soll der Gesondheetsministesch no verduebelt ginn, sou datt den LNS plangt, fir all hospitaliséiert positiv Fäll ze sequenzéieren, bis lo gi just Stéchprouwen duerchgefouert.
Wann de Positivitéitstaux sou niddreg bleift, wéi et aktuell de Fall ass, kann den LNS den Taux vun Ofdeckung vun 10 op bis zu 40% d'nächst Woch an d'Luucht setzen.
Bis ewell goufen duerch d'Wëssenschaftler am Land 10 Covid-Variante fonnt, déi zirkuléieren. Et goufen och 3 nei Fäll vun der brittescher Mutatioun fonnt, sou datt et bis ewell 6 Fäll vun dëser Variant am Land hunn - d'südafrikanesch, respektiv japanesch Variant goufen nach net nogewisen.
Dat äntwert d'Paulette Lenert op eng entspriechend urgent parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierten Jeff Engelen.