Portrait am Kader vum TélévieClaudia Monteiro: "Ech hätt mir eng besser Kommunikatioun mat mengem Onkolog gewënscht"

Rosa Clemente
Eng Kriibsdiagnos ass fir déi mannste Betraffenen einfach ze verkraaften. Patienten zielen op d’Ënnerstëtzung vum Entourage an op de Versteesdemech vun den Dokteren. Net ëmmer ass dëse psychesche Support garantéiert.
Portrait am Kader vum Télévie - Claudia Monteiro
Eng Kriibsdiagnos ass fir déi mannste Betraffenen einfach ze verkraaften. Patienten zielen op d’Ënnerstëtzung vum Entourage an op de Versteesdemech vun den Dokt

D’Kriibs-Diagnos koum fir d’Claudia Monteiro onerwaart. Am Summer 2024 krut si d’Nouvelle, datt si eng aggressiv Form vu Broschtkriibs huet. Duerno goung alles ganz séier: d’ Operatioun an direkt drop 6 präventiv Cyclë vu Chimio-Therapie.

Op der Streck bliwwen sinn no 11 Méint Traitement eng Rei Leit aus hirem Entourage an de Karriärswiessel, deen hätt sollte fir d’Rentrée 2024 stattfannen. Wat d’Patientin awer elo nach annerhallef Joren no der Diagnos verschaffe muss, ass d‘Kommunikatioun mat hirem deemolegen Onkolog. Hirer Meenung no war déi nämlech alles anescht ewéi gutt verlaf ass.

“Ech hunn ee gewëssene Charakter, dat weess ech. Mee ech sinn ee ganz sensibele Mënsch a ganz sensibel dorop, wéi ee mat mir schwätzt”, sou d’ Claudia Monteiro. Si bräicht och vill Informatiounen, fir d’Saachen ze verstoen, soss wier si net genuch rassuréiert an dat géif bei hir Angschtgefiller ausléisen.

An genau dat huet déi 42 Joer al Patientin wärend hirer Kriibs-Behandlung empfonnt: Vill Angscht an Zweiwel. Net, well den Traitement net ugeschloen huet - si huet no der Operatioun, also nach virun der Chimio-Therapie schonn als kriibsfräi gegollt - mee well si sech vun hirem deemolegen Onkolog net richteg verstane gefillt huet.

“Ech hätt mir ee bessere Kontakt mat mengem Onkolog gewënscht. Een Onkolog, mat deem ech schwätze kann, een, deen alles vu mir héiere wëll, och wann et mir net gutt geet. Och hätt ech gären eng richteg Opklärung vun all mengen Niewewierkunge gehat an datt een déi och eescht hëlt. Well dat hat ech net.”

Wéi ee mam Gefill vun Onsécherheet wärend enger intensiver Kriibs-Behandlung ëmgeet, dat erzielt d’Claudia Monteiro an engem couragéierten Temoignage.

Back to Top
CIM LOGO