
Genee dofir sollen am Grand-Duché an den nächste 24 Joer ronn 11 nei Lycéeë gebaut ginn. Dat huet de Minister fir Educatioun a Landesplanung Claude Meisch en Dënschdeg de Moien an enger Chamberkommissioun erkläert. Dofir gëtt aktuell och un engem neie Plan sectoriel fir d’Lycéeë geschafft. Mä och kuerzfristeg muss dréngend nogebessert ginn.
Eleng an de leschte sechs Joer sinn nämlech an der Moyenne zousätzlech 1.100 Schülerinnen a Schüler pro Joer uechter d’Lycéeën dobäikomm. Dat wier ee mëttelgrousse Lycée pro Joer, dee feelt. Dofir muss och kuerzfristeg nogebessert ginn.
“Onofhängeg dovun, ob et elo an deem Rhythmus weidergeet oder net, mee zum Beispill fir d’Rentrée vum Joer 2027 hätte mer ganz konkret Enkpäss an de Capacitéite vun eise Lycéeën. Mir wäerten also kucken, fir fir d’Joer 2027 schonn eng Capacitéit an der Héicht vun ongeféier 1.100 Plazen zousätzlech geschaaft ze hunn. Dat ganz kuerzfristeg andeems mer véier bestoend Gebaier: de Lycée Technique zu Ettelbréck, de Lycée Josy Barthel, den ECG (École de commerce et gestion) an d’École internationale vu Miersch Anne Beffort punktuell ausbauen, fir op déi akut Situatioun ze reagéieren.”
D’Haapterausfuerderung läit awer an der Zukunft. Bis 2050 sollen 17.500 Schüler dobäikommen. Dat läit engersäits um Bevëlkerungswuesstem, mä huet och aner Grënn.
“Een Punkt, dee mer mierken déi lescht Joren, ass, dass mer méi staark Inscriptiounen an d’ëffentlech Schoul hunn. Wat och e Resultat vun eiser Politik ass fir d’ëffentlech Schoul ze stäerken. Dann nach een drëtt Element, wat hei mat consideréiert ginn ass, wat awer zueleméisseg däitlech manner Impakt wäert hunn. Dat ass d’Eropsetze vun der Obligation scolaire vun 16 op 18 Joer. Wou mer an engem éischte Joer an dann zweeten an drëtten Joer och mierken, dass mer do méi Schülerinnen a Schüler an eis Schoulen kréien.”
Laangfristeg brauch de Grand-Duché also 11 nei Lycéeën. Wou déi genee hikommen, ass awer nach net decidéiert, wéi de Christian Ginter vum Educatiounsministère erkläert.
“Am Éislek erginn d’Zuelen, dass do bis 2050 een Lycée gebraucht gëtt. An der Region Centre och een Lycée. Mä virun allem an der Region Sud, do hunn mer eng Ënnercapacitéit vun Schülerplazen, awer eng Iwwercapacitéit vun Schüler. Dat heescht, do bräicht ee wierklech véier nei Sitten, déi ee misst identifizéieren, fir e Lycée kënnen hinzesetzen. Dann déi Regioune ronderëm Lënster/Mëllerdall/Musel/Ëmland Nord: do bräicht een zwee Lycéeën. Miersch ee Lycée. Stengefort och ee Lycée. An Musel/Ëmland Süd och ee Lycée.”
Punkto Standuert wëll d’Regierung zwee grouss Prinzippie respektéieren: Éischtens sollen d’Schoulen do gebaut ginn, wou d’Schülerinnen a Schüler wunnen, fir d’Transportweeër kuerz ze halen. An zweetens soll all Regioun, sou wäit wéi méiglech, eng komplett Schouloffer kréien, also och mat berufflechen Ausbildungen a spezialiséierte Sektiounen, erkläert de Claude Meisch. Eng grouss Erausfuerderung bleift och den Timing, erkläert d’Bauteministesch Yuriko Backes.
“D’Bauen dauert normalerweis net esou laang. Am Duerchschnëtt fir eng Schoul ze bauen, do sinn mer bei dräi Joer. D’Planung, déi ass natierlech méi komplizéiert. Do si ganz vill Acteuren a ganz vill Gremien. Ech géif soen, dass een do awer plus ou moins fënnef Joer rechnen. Dat ka méi séier goen, dat kann awer och méi laang daueren. Dir kennt jo och d’Komplexitéit vun PAG/PAP an sou weider.”
Am Laf vun dëser Legislaturperiod ginn och nach dräi international Schoulen opgemaach. Eng dovun zu Schëffleng. Donieft kéint ee kucken, fir eng Europaschoul am Westen opzemaachen, well et do un enger internationaler Offer feelt. Do géing een un Réiden a Stengefort denken. Fir déi drëtt Europaschoul hätt een nach keen Plang, sou de Claude Meisch.