Bis 2023 sollen et zu Lëtzebuerg manner wéi 100 Gemenge ginn. Dat ass eent vun den Ziler vun der Inneministesch Taina Bofferding.

Fir dat z'erreechen, soll awer kee gezwonge ginn, ma déi Gemengen, déi schonn an der Prozedur sinn, fir ze fusionéieren, solle besser ënnerstëtzt ginn an déi aner Gemenge sollen esou eng Fusioun méi schmackhaft gemaach kréien.

An deem Sënn ginn d'Fusiounsaubsiden ëm 10 Prozent an d‘Luucht an d'Berodung gëtt ausgebaut, ënnert anerem iwwert eng sougenannten „Toolbox“. Hei fannen déi Gemengeresponsabel all méiglech Informatiounen iwwert d'Prozedur vun enger Fusioun an och Rotschléi vu Politiker aus Fusiounsgemengen. Si wier sech natierlech bewosst, datt esou eng Toolbox eleng net géing duergoen, esou d'Taina Bofferding, ma datt et och finanziell misst interessant sinn ze fusionéieren.

Extrait Taina Bofferding

"Elo si mer natierlech aktuell an enger Kris, wou et net sou evident ass, mer net genee wëssen, wéi laang et nach wäert daueren a wou natierlech och d'Fro vun de Finanze sech stellt. Trotzdeem hunn ech hei meng Regierungskolleeginnen a Kolleege gefrot gehat, fir eng Erhéijung vun de Fusiounssubsiden ze maachen, well ech dovunner iwwerzeegt sinn, dass dat och laangfristeg de Gemengen, de Biergerinnen an de Bierger, awer och dem Stad eppes wäert bréngen. An dofir ass et och gutt, dass mer an der Regierung decidéiert hunn, eben déi Aides spéciales, déi den Interieur dee Moment ausbezilt, dass mer déi Subsiden ëm 10% emol schonn eropgesat hunn."

Si wier och am Gaang ze kucken, wéi een d‘Fusioun fir d‘Nordstad nach besser ënnerstëtze kéint, esou d‘Taina Bofferding. Nieft den Nordstadgemenge sinn och d‘Gemenge Groussbus a Wal esou wéi Bous a Waldbriedemes un enger Fusioun interesséiert.

De Communiqué:

Fusions de communes: Taina Bofferding veut davantage soutenir les communes dans leurs démarches (25.01.2021)

Communiqué par: ministère de l’Intérieur

 

Le processus de fusion est au coeur de l’ouvrage intitulé «Fusions de communes - Toolbox», élaboré par le ministère de l’Intérieur et présenté lors d’une conférence de presse en date de ce jour.

Les fusions de communes constituent un des sujets principaux que la ministre Taina Bofferding a en point de mire pour cette année. Elles permettent à chaque commune du pays de disposer de services de haute qualité, d’une administration mieux équipée et d’une autonomie communale accrue. L’initiative pour une fusion doit émaner des communes elles-mêmes, et des fusions forcées ne sont pas une option, souligne la ministre: «D’Zil ass kloer, dass eis Biergerinnen a Bierger iwwerall am Land, egal a wéi enger Gemeng si wunnen, vu vergläichbaren Dingschter profitéiere kënnen. D’Fusioune sinn dofir eng Optioun, awer kee Selbstzweck. D’Initiativ muss vun de Gemenge kommen. Zwangsfusioune wäert et mat mär keng ginn!»

Une bonne nouvelle pour les communes intéressées est sans aucun doute le fait que le gouvernement a augmenté les aides financières spéciales de l’État en vue d’une fusion afin de permettre aux communes d’investir dans leur futur commun.

Actuellement, 3 fusions sont discutées au niveau local: celle de la «Nordstad» (entre les communes de Bettendorf, Diekirch, Erpeldange-sur-Sûre, Ettelbruck et Schieren) et celles entre, d’un côté, les communes de Grosbous et Wahl et, de l’autre côté, entre les communes de Bous et Waldbredimus.

Dans la publication susmentionnée, le ministère informe les communes intéressées par une fusion sur la boîte à outils qui est mise à leur disposition, susceptible de faciliter les démarches à entamer. Les procédures à suivre y sont détaillées, à côté d’informations sur la phase de transition vers la nouvelle commune. En outre, les responsables politiques du Syvicol et de communes déjà fusionnées prennent la parole pour témoigner de leurs expériences.

Relevé des fusions de communes depuis 2004

  1. Tandel
    (Loi du 21 décembre 2004 portant fusion des communes de Bastendorf et de Fouhren)
  2. Kiischpelt
    (Loi du 14 juillet 2005 portant fusion des communes de Kautenbach et de Wilwerwiltz)
  3. Clervaux
    (Loi du 28 mai 2009 portant fusion des communes de Clervaux, de Heiderscheid et de Munshausen)
  4. Käerjeng
    (Loi du 24 mai 2011 portant fusion des communes de Bascharage et de Clemency)
  5. Schengen
    (Loi du 24 mai 2011 portant fusion des communes de Burmerange, de Schengen et de Wellenstein)
  6. Parc Hosingen
    (Loi du 24 mai 2011 portant fusion des communes de Consthum, de Hoscheid et de Hosingen)
  7. Aerenzdallgemeng
    (Loi du 24 mai 2011 portant fusion des communes d’Ermsdorf et de Medernach)
  8. Esch-sur-Sûre
    (Loi du 24 mai 2011 portant fusion des communes d’Esch-sur-Sûre, de Heiderscheid et de Neunhausen)
  9. Wiltz
    (Loi du 19 décembre 2014 portant fusion des communes d’Eschweiler et de Wiltz)
  10. Habscht
    (Loi du 15 avril 2016 portant fusion des communes de Hobscheid et de Septfontaines)
  11. Helperknapp
    (Loi du 15 avril 2016 portant fusion des communes de Boevange/Attert et de Tuntange)
  12. Rosport-Mompach
    (Loi du 16 juin 2018 portant fusion des communes de Rosport et de Mompach)