Risk vun ÄerdrutschStreck tëscht Déifferdeng an Hussigny bis op Weideres gespaart
Aus Sécherheetsgrënn hu Ponts et chaussées e Méindeg de Moie missen en Deel vum CR174 fir den Trafic zoumaachen.
Wéi den ACL mellt, ass et um CR174 tëscht Déifferdeng an Hussigny (F) zu engem Äerdrutsch komm. Deem schéngt awer net esou ze sinn.
Well awer de Risk besteet, dass d’Strooss kéint asacken, huet d’Streck bis op Weideres misse gespaart ginn. Dat krute mer esou vu Ponts et chaussées bestätegt.
Eng Deviatioun ass gezeechent.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.