Annulatioune vu groussen Evenementer géifen am meeschte Sënn maachen.

Wéi eng net-pharmazeutesch Mesuren ware bis ewell déi effektiivsten, fir d’Pandemie an de Grëff ze kréien?

Mat där Fro hu sech Fuerscher vum Liser auserneegesat, a rezent eng Publikatioun erausginn, déi och am Fach-Magazine "Scientific Reports" erauskoum.

Dofir goufen Daten aus 175 Länner analyséiert, a gekuckt wéi een Impakt Restriktiounen op d’Infektiounszuelen haten.

Dobäi hätt sech gewisen, dass d’Annulatioune vun ëffentlechen Eventer am effikasste wier, virum Aschränke vu private Kontakter, dem Zou-Maache vun de Schoulen, an dem Iwwergoen op Teletravail.

Spréch, doduerch dass d'2-Meter-Distanz kann agehale ginn, verbreet sech de Virus och manner, schreiwen, d’Fuerscher.

De Couvre-feu an och Rees-Limitatiounen hätten dogéint eleng geholl, éischter e manner grousser Effekt.