301 Corona-Infektioune bei de Schüler an dem Léierpersonal

© RTL Archivbild
Am Schreiwes vum Educatiounsministère heescht et, dass et 25 Fäll am Zenario 4 gouf. Dat heescht, et gouf sech bannent der Schoul ugestach.
An der Woch vum 25. bis de 31. Januar gouf et am Ganzen 301 Corona-Fäll an de Schoulen zu Lëtzebuerg.
Vun den 301 Fäll ginn der 212 dem Zenario 1 zougeuerdent, eng Woch virdru waren et der hei 145. Betraff ware 231 Klassen an ëffentlechen, wéi och a privat Schoulen a Lycéeën a 5 Centres de compétences. Ënnert de Corona-Positiven am Zenario 1 waren et am Ganzen 183 Schüler a Studenten an 29 Enseignanten.
42 Fäll gouf et am Zenario 2, wou et deemno Infektioune bannent enger Klass gouf.
Am Zenario 3 gouf et 22 Fäll an am Zenario 4 souguer 25 Fäll, déi Woch virdru war et an deem Zenario just ee Fall.
En Vue vun dësen Zuelen, wou ee feststellt, dass d'Infektiounen ënnert de Schüler a Studente massiv geklomme sinn, ass d'Annonce vum Educatiounsminister Claude Meisch en Donneschdeg, datt d'Schoulen eng Woch virun der Fuesvakanz hir Dieren zoumaachen, absolut verständlech.
PDF: Schreiwes vum Educatiounsministère
Schreiwes vum Educatiounsministère
COVID-19: Évolution de la situation dans les écoles luxembourgeoises entre le 25 et le 31 janvier 2021 (4.02.2021) | |
| |
Le bilan chiffré des élèves et enseignants testés positifs à la COVID-19 se rapporte à l’ensemble des établissements scolaires de l’enseignement fondamental / primaire et secondaire public et privé et des centres de compétences en psychopédagogie spécialisée situés sur le territoire du Luxembourg. Dans la semaine du 25 au 31 janvier 2021:
Le détail de la situation entre le 25 et le 31 janvier 2021 est repris dans le communiqué ci-après. |