Schoule vun nächster Woch un nees am Homeschooling
Wéinst der schlechter Entwécklung vun den Infektiounen an eenzele Fäll vun der neier brittescher Variant am Enseignement, ginn d’Schoulen nees zougemaach.
Nach wieren d'Fäll op verschidde Schoule limitéiert, mä et ginn den Ament sou vill Infektiounskette wéi nach ni an et misst ee grad elo séier reagéieren a virsiichteg sinn. Dat sot den Educatiounsminister Claude Meisch en Donneschdeg de Mëtteg op enger Pressekonferenz.
De liberale Minister huet ugekënnegt, datt d'Grondschoulen, d'Kompetenzzenteren an d'Maison-relaisen d'nächst Woch zou bleiwen. An der Schoul geet een, wéi no der Chrëschtvakanz, an den Homeschooling iwwer.
Och an de Museksschoule ginn d'Presenzcoursen annuléiert. Just d'Eenzel-Exame kënnen organiséiert ginn an d'Fräizäitaktivitéiten, déi net dobausse sinn, si vun dësem Weekend u fir zwou Wochen ofgesot.
"Déi nei Virusvariante sinn ënnert eis a mir kréie se nëmme schwéier kontrolléiert wa se bis ënnert de Leit sinn", sou nach den Educatiounsminister Claude Meisch wéi en annoncéiert huet, datt d'nächst Woch d'Schoulen nees zou bleiwen.
An de Lycéeë kréien all d'Primaner, déi d'nächst Woch nach Cours hunn, eng Ordonnance, fir sech testen ze loossen. Projets intégrés an der Beruffsausbildung gi bäibehalen.
Déi betraffen Eltere vu Kanner tëscht 4 an 13 Joer kënnen déi nächst zwou Wochen op en Neits op de Congé pour raisons familiales zeréckgräifen, wa se hir Kanner doheem betreie mussen.
Un d'Eltere war et den Appell, grad an dësen Zäiten hir sozial Kontakter an déi vun hire Kanner och an der Fräizäit anzeschränken.
De Claude Meisch huet huet puer Mol betount, et wier een an enger neier Situatioun, déi et bis ewell am Schoulwiesen net gëtt: D'Zuel vun neien Infektioune läit bei der jonker Populatioun fir d’éischte Kéier iwwert dem Duerchschnëtt vun der Gesamtpopulatioun. Donieft géingen zanter Kuerzem aus eenzele positive Fäll an de Klasse méi séier Infektiounskette ginn.
D'Verhale vum Virus wier en anert, wéi an der Vergaangenheet. Et si besonnesch déi nei Virusmutatiounen, déi Suerge maachen, déi eventuell nei Reaktioune verlaangen, sou de Minister. Bis spéitstens Enn nächster Woch wëll een zesumme mat den Acteuren decidéieren, wéi et no der Fuesvakanz weidergeet. De Claude Meisch huet et och net verstoppt, datt et do zu méi strenge Restriktioune komme kéint. Déi rezent Entwécklunge géifen engem Suerge maachen a géife Froen opwerfen.
D’Ursaache vun der Hausse vun den Infektiounen an de Schoule géing déi nächst Deeg analyséiert ginn. De Minister wollt – aus Virsiicht virun ze vill Ongewëssheeten – nach keng genee Zuelen iwwert d’Verbreede vun der neier brittescher Variant soen. Et gouf eenzel Fäll, mä et kéint grad esou gutt sinn, datt et bei deenen eenzele Fäll bleift, wéi datt ee misst “eng Null drunhänken”, sou de Claude Meisch.
An de leschten zwou Woche ware jo verstäerkt Infektiounsketten a verschiddene Gebaier opgetrueden. Ze lescht war et d'Nouvelle, datt dee ganzen Cycle 2 an enger Grondschoul zu Schëffleng a Quarantän ass.
D'lescht Woch hat den Educatiounsminister Claude Meisch bei eis op der Antenn scho gesot, et wéilt een den Ament an de Schoulen extrem virsiichteg sinn. Besonnesch wéinst de Virusmutatiounen. Aus der Retrospektiv vun der Santé geet och ervir, datt d'Infektiounen sech an der Alterskategorie vun 10-19 Joer carrement verduebelt hunn.
Liest all déi wichteg Changementer, Ofsoen an Aussoen no an eisem Liveticker.