
Um Sonndeg de Moien huet den SPC matgedeelt, datt een d'Bereetschaft fir Uelzecht a Sauer géif astellen. Aus der aktueller meteorologescher Siicht géif bei béide Flëss kee Risiko méi bestoen, datt et hei zu Héichwaasser kéint kommen.
Gutt Noriichten och fir d'Musel, hei sinn d'Peegelen am Gaangen, erofzegoen. De Maximum, 663 Zentimeter fir Briedemes a 557 fir Réimech, gouf um Samschdeg um 7 Auer erreecht. E Sonndeg den Owend rechent ee mat 600 cm fir Briedemes a 506 fir Réimech. D'Cote de Vigilance (Briedemes 530cm a Réimech 452 cm) wäert wuel an der Nuecht vun e Méindeg op en Dënschdeg ënnerschratt ginn.
De Sonndeg iwwer soll et grad Moies nach zu vereenzelte Reeschauere kommen, am Laf vum Mëtteg soll d'Wieder besser ginn, d'Sonn kéint esouguer plazeweis sech weisen. Géint der Owend ass awer grad am Éislek mat Reen oder Schnéireen ze rechnen am Süden éischter mat Reen, dat mat Temperaturen tëscht engem a sechs Grad am Dag a bis zu -3 Grad an der Nuecht.
E Méindeg leien d'Temperature bei -2 bis 2 Grad an et kënne vereenzelt Schnéischauere kommen. D'Temperaturen en Dënschdeg beliewen déi selwecht, et soll awer méi dréche sinn. E Mëttwoch dann klammen d'Temperature seelen iwwer 0 Grad an et ass mat vereenzelte Schnéischaueren ze rechnen.