Zousätzlech fräi Deeg fir Personal vu "Copas, "dlj" a "Fedas"

© Copas
En Dënschdeg gouf dat entspriechend Dokument ënnerschriwwen, wéi déi verschidden Acteuren an engem gemeinsame Communiqué matdeelen.
SAS-Kollektivvetrag an FHL-Kollektivvetrag réckele méi no beieneen. En Dënschdeg gouf fir de Fleege-Secteur dat entspriechend Dokument ënnerschriwwen. Dat deelen déi verschidden Acteuren an engem gemeinsame Communiqué mat.
Ënner anerem änneren d'Dispositioune bei de Schaffzäiten en Vue vun engem besseren Equiliber tëscht der Schaff an dem Privatliewen. A puncto Remuneratioun gëtt sech beim Index-Punktwäert un de Kollektivvertrag vun der Fédération des hôpitaux alignéiert.
Fir d'Joer 2021 gëtt et zwee extraordinär zousätzlech Congésdeeg. Dobäi kënnt dann nach 1 zousätzleche reguläre Congésdag, deen och fir d'Zukunft bestoe bleift.
Domat soll d'Personal Merci gesot kréie fir den Engagement wärend der Pandemie.
Den neie Kollektivvertrag mat der Copas, dlj (Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendstrukturen) a Fedas gëllt réckwierkend op den 1. Januar a bleift en Vigueur bis den 31. Dezember 2023.