"Niveau 3 d'alerte de grande chaleur"Gesondheetsministère aktivéiert héchste Warnniveau wéinst der Hëtzt

RTL Lëtzebuerg
Och wann de Ministère dëst an hirem Schreiwes nach als "preventiv" Aktivatioun bezeechent, komme mat dësem Schratt e puer kloer Mesuren a Warnungen.
Den 1. Juli 2025 goufen an der Stad 39 Grad gemooss.
© Domingos Oliveira

"Niveau 3 d’alerte de grande chaleur": Wat bedeit dat?

Eis national Autoritéiten hu wéinst de héije Temperaturen, déi an den nächsten Deeg op de Grand-Duché zoukommen, den Niveau d'Alerte 3 fir "grouss Hëtzt" ausgeruff. Dës Moossnam erméiglecht eng besser Koordinatioun vun de Schutzmesurë fir Persounen, déi besonnesch empfindlech op déi héich Temperature reagéieren. D'Dauer vun dëser Alarmstuf gëtt flexibel un d'Entwécklung vum Wieder ugepasst a steet ënner permanenter Iwwerwaachung vun den zoustännegen Autoritéiten, heescht et am Schreiwes vum Gesondheetsministère.

Den aktuelle Wiederprevisioune no ginn d'Temperature scho vun der Nuecht vu Freideg op Samschdeg net méi ënner 20 Grad falen. Vun e Méindeg u kann déi gefillten Temperatur plazeweis op bis zu 39 klammen, dat well déi héich Loftfiichtegkeet d'Hëtzt, wéi mir se wouer huelen, nach verstäerke kann.

Zilgeriicht Hëllef fir Senioren

Am Kader vun dëser Aläerte gëtt eng speziell Betreiung fir Persoune vu 75 Joer un offréiert. Dës Hëllef riicht sech un Persounen, déi eleng liewen, nëmme limitéiert autonom sinn a keng Ënnerstëtzung iwwer d'Assurance dépendance kréien. Duerch dëse Schratt ass et méiglech, datt dës Seniore reegelméisseg Visitte kréien, fir hiren Zoustand ze iwwerwaachen a fir Hëllef bei der Hydratatioun ze leeschten. Dës Visitte fänken elo un.

Persounen, déi eligibel sinn an déi nach net betreit ginn, kënne sech selwer oder iwwer Familljemembere bei der Croix-Rouge umellen, dat iwwert d'Telefonsnummer Telefon 2755. Dës Hotline ass vu op Wochendeeg, ausser o Feierdeeg, tëscht 8 a 15 Auer z'erreechen. Ausserhalb vun dësen Zäite kënnen d'Gesondheetspersonal oder de CGDIS d'Permanence vun der Inspection sanitaire kontaktéieren, fir eng Aschreiwung z'erméiglechen. D'COPAS koordinéiert d'Zesummenaarbecht mat den Hëllefs- a Fleegeservicer doheem.

Wichteg Kontakter

Persounen, déi sech bei der Croix-Rouge ugemellt hunn, sollen doheem opmaachen, wann Fleegepersonal fir d'Visitt kënnt, oder am Fall vun Absence hirem zougewisene Fleegeservice Bescheed ginn. Fir weider Froen oder praktesch Informatioune steet d'Inspection sanitaire vun der Direction de la santé ënner der Nummer 24 78 56 53 zur Verfügung.

Bei Symptomer wéi aussergewéinlecher Middegkeet, Schwindel, Kappwéi, Verwirrung, Féiwer oder wann ee sech net gutt spiert, soll een direkt den Dokter oder aner Experten aus dem Gesondheetsberäich kontaktéieren. An engem Noutfall kann een och ëmmer den 112 uruffen.

Virsiichtsmoossname fir all d'Bierger

D'Direction de la santé rifft d'Populatioun dozou op, dës Recommandatiounen a waarme Perioden ze respektéieren:

  • Reegelméisseg Waasser drénken och ouni Duuscht
  • Grouss kierperlech Ustrengunge wéi Sport wärend de wäermste Stonnen evitéieren
  • Esou vill wéi méiglech am Schied oder op Plazen, wou et frësch ass, ophalen
  • Beim erausgoen: liicht Kleedung undoen, de Kapp bedecken, vum Schied profitéieren a Waasser mathuelen
  • Doheem Fënsteren, Rolllueden, Storen a Riddoen am Dag zouloossen, fir et dobannen esou frësch wéi méiglech ze halen.
  • Just zu de méi killen Auerzäiten d'Haus lëften
  • Reegelméisseg no eelere, eleng liewende oder fragille Persoune kucken
  • Ni Kanner oder Déieren eleng am Auto loossen

Hëtztwell an Nationalfeierdag

Dës Aläert wéinst Hëtzt fält och an d'Period ronderëm Nationalfeierdag an déi geplangten Evenementer an den nächsten Deeg. D'Direction de la santé rifft d'Leit dann op, besonnesch bei Manifestatiounen am Fräien opzepassen, fir d'Sécherheet vun all de Participanten ze garantéieren.

Weider Informatiounen an praktesch Tipps fannt dir op www.santesecu.lu/canicule. Detailer zur Umeldung fir déi vulnerabel Persounen ginn op der Websäit vun der Santé.

Back to Top
CIM LOGO