Steierparadäis, Steieroas a Coffre-fort vun Europa. Dat sinn Aussoe vun den internationale Medien iwwer Lëtzebuerg am Kader vun OpenLux-Recherchen.

Bei de meeschte Politiker suergen dës Duerstellunge fir net vill Verständnis, ma wat soen déi zoustänneg Autoritéite vun der Finanzplaz iwwer dës Artikelen?

Mir hu beim Nicolas Mackel, CEO vun „Luxembourg for Finance“ an dem Claude Marx, Direkter vun der Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur CSSF, nogefrot.

Reaktiounen LFF an CSSF op OpenLux/Reportage Annick Goerens

Ëmmer nees géinge veschidden international Medien déi nämmlecht Virurteeler opkachen. Doduerch géingen dës ëmmer nees erneiert an och consolidéiert ginn, eppes géint dat een zanter Jore bei „Luxembourg for Finance“ géing ukämpfen, erkläert den Nicolas Mackel.

„Wat sech do erausgeschielt huet als Bild, ass einfach nees e Bild vun enger Mëschung vun Onverständnis vum Rôle vu Lëtzebuerg als grouss international Finanzplaz. Mir si jo an der Europäescher Unioun, laut verschiddene Klassementer déi Éischt. Och d'Mëssverständnes oder d'„Net-Wëlle-Verstoen“, firwat Lëtzebuerg sou ee Succès huet als Finanzplaz, firwat Lëtzebuerg räich Leit unzitt, firwat Lëtzebuerg Gesellschaften unzitt, wat de Rôle ass vun enger Finanzplaz bei Investissementer, déi iwwer d'Grenzen ewech ginn.“

Et wär net déi Éischt, ma och net déi lescht Attack op Lëtzebuerg, erkläert den Direkter vun der CSSF Claude Marx. Op alle Fall kéint een awer de Reproche, deen a verschiddene Medie gemaach gëtt, dass een als klengt Land, och just e klengen Iwwerwaachungssystem hätt, net gëlle loossen, sou de Generaldirekter vun der Iwwerwaachungskommissioun.

„Ech kann dat absolut net confirméieren. Ech ginn iech just e Beispill. Mir sinn hei zu 1.000 an der Iwwerwaachung. Wa mir eng Iwwerwaachung hätten, déi proportionell wär zum Land, dann hätte mer hei 50 Leit oder 30 Leit. Mir hunn 1.000 Leit. Mir sinn opgestallt fir d'Gréisst vun der Finanzplaz sou wéi se ass z'iwwerwaachen. Ech mengen, wann d'Thees ass, fir ze soen, et ass louche, dass een eng grouss Finanzplaz an engem klenge Land huet, dat ass een aneren Debat. Deen Debat, deen interesséiert mech net."

Den Claude Marx kann och net novollzéien, firwat verschidde Millionären oder Prominenter an den Artikelen zitéiert ginn.

„An der Zeitung liesen ech: Zu Lëtzebuerg huet de Besëtzer vun dëser Autosfirma eng Gesellschaft. Dann hält de Saz op. An da stellen ech mer natierlech d'Fro, wat dorunner verwerflech ass. Ech mengen, wat wichteg hei ass, dat ass, ob kriminell Machenschaften oder Aktivitéite gemaach ginn oder net. A wann der gemaach ginn, an ech mengen, dat kënnt iwwerall vir. Dann ass de Punkt net fir ze soen "mir hunn elo erausfonnt, dass e Kriminellen eng Gesellschaft oder e Bankkonto huet zu Lëtzebuerg“. De Punkt ass fir sécherzestellen, dass mer dat dann ënnerbannen an dass mer net eng Plaz sinn, wou sech Leit erëm tummelen, déi sech u sech net sollen hei erëm tummelen. Mee ech ka soen, dass dat u sech net hei de Fall ass."

Dat wat am Endeffekt géing zielen, dat wär net, wéi een eppes wéilt duerstellen, mee d'Realitéit um Terrain. An d'CSSF wär capabel, fir d'Gréisst vun eisem Finanzsecteur z'iwwerwaachen an och d'Justiz hätt sech equipéiert, fir hir Aarbecht ze maachen. De ganzen Ekosystem tëscht Transparenz, jiddereen, dee seng Roll géing spillen, dem Handelsregëster, dem Registre des bénéficaires économiques, d'Justiz an der CSSF géing gutt fonctionéieren, sou nach hiren Direkter Claude Marx.

Den CEO vu Luxembourg for Finance, Nicolas Mackel, ass e Mëttwoch de Moien um 10 op 8 iwwregens och eisen Invité vun der Redaktioun.