Horeca-Secteur huet op der Plëss fir méi Hëllefe manifestéiert
D'Cafetieren, d'Restaurateuren an natierlech och d'Bedreiwer vun Diskoe bekloe vill Problemer um Terrain.
Horeca United - Ënnert deem Motto stoung en Donneschdeg am Nomëtteg eng weider Manifestatioun op der Plëss, vu Leit aus dem Restaurants- a Cafés-Wiesen. Et wollt ee weisen, dass een zesummesteet, no iwwer 160 Deeg, an deenen de Secteur elo schonn zou muss hunn, an et verlaangt ee weiderhi vun der Politik eng verstänneg Léisung.
Eppes fuerderen d'Organisateure vun der Horeca-United-Manif virop: méi Hëllefen. Et wär villes weiderhin net koherent. Dowéinst hate sech déi Responsabel vun e puer Associatiounen, déi sech wärend der Kris gegrënnt haten, en Donneschdeg zesummegedoen.
Den Affekot Mâitre Frank Rollinger mécht sech scho méi laang fir de Secteur staark. Hie kritiséiert d'Regierung, dass si dem Secteur just knapps d'Hallschent vun den Aiden ausbezuelen, déi d'EU-Kommissioun géif erlaben. Den 19. Dezember gouf d'Gesetz gestëmmt, dat den eligibele Betriber de Gros vun de Fixkäschten bis zeréck an den November 2020 kompenséiert. Dem Maitre Rollinger no geet dat awer net duer. Hien huet sech a senger Ried direkt un d'Regierung geriicht:
"Dir gitt déi Aiden bis den November 2020. Dir musst, dierft a sollt déi Aiden vum Mäerz 2020 un gi! Et ass nëmmen esou, wéi d'Entreprisen aus dem Secteur iwwerliewe kënnen, wéi d'Aarbechtsplaze kënne gerett ginn a wéi och d'Fournisseure kënne weider funktionéieren an net massiivst Perten hunn. Dat ass méiglech. D'Kommissioun vun der europäescher Unioun huet e Kader ginn. Déi Aide kënne bis Mäerz ausbezuelt ginn. Dat ass net geschitt. Mir hu gefrot firwat a mir krute keng Äntwert."
Den Affekot huet dofir e Gesetzprojet ausgeschafft, dee genee dat fuerdert. Hien huet den Deputéierten, déi jo en Donneschdeg de Mëtteg och op der Plëss am Cercle waren, de Pabeier stellvertriedend fir den Horeca-Secteur iwwerreecht. Dat koum bei de Manifestante gutt un.
Mä d'Fuerderung vun den Organisateuren ass kloer: si hätte gär, dass d'Aide coûts non couverts réckwierkend op Mäerz 2020 ausbezuelt gëtt an dass d'Käschten zu 100 Prozent kompenséiert ginn.
D'Organisateure vun dëser Maniff waren awer net nëmme streng mat de Politiker. Si hu sech och distanzéiert vun den offizielle Vertrieder vum Secteur, der Horesca. Déi wären der Regierung géintiwwer net streng genuch. An och déi, deenen d'Etablissementer dacks gehéieren an déi d'Gedrénks liwweren, kruten es. D'Brasserië géife sech net solidaresch weisen a géife sech just mellen, fir d'Loyeren anzefuerderen.