Assurancen-Secteur
Gewerkschafte fuerdere kloer Augmentatioune bei de Paien

E Mëttwoch war eng weider Reunioun en vue vun engem Erneiere vum Kollektiv-Vertrag am Assurancen-Secteur.
Obwuel een e puer mol nogefrot hätt, hätt d’Patronatsassociatioun ACA bis ewell nach ëmmer keng Elementer virgeluecht, déi e Status quo géife rechtfäerdegen, heescht et an engem gemeinsame Schreiwes vun OGBL an LCGB. Déi verlaange kloer Augmentatioune bei de Paien.
En Accord gouf et nach net, sou dass ee sech Enn des Mounts eng weider Kéier wëll gesinn.
Am meeschte gelies