D'Jacqueline Draut gouf mat 102 Joer geimpft
Op hirem Gebuertsdag gouf si géint de Covid-19 geimpft. Angscht virun der Piqûre hat déi sympathesch eeler Fra net.
D'Jacqueline Draut ass eng Perséinlechkeet am Rëmelenger CIPA. En Donneschdeg, den 11. Februar, huet si hir 102 Joer gefeiert. 1919 koum si zu Paräis op d'Welt an ass am Alter vun 3 Joer mat hiren Elteren op Lëtzebuerg komm.
Zu Téiteng huet d'Madamm gewunnt. Si huet zwee Kanner: E Jong an e Meedchen. Hire Papp huet als Schouster geschafft, d'Mamm war Hausfra.
Zanter der 2. Januarwoch ginn d'Bewunner an d'Personal aus de Servior-Haiser geimpft. Den nächste Freideg ass dat leschten Haus fir déi 1.Impfung um Tour. D'Clientë géife sech méi sécher mam Vaccin fillen. Beim Personal géif ee bei 60 Prozent Impfbereetschaft leien. An 2 Altersheemer vu Servior géifen et just nach e puer Covid-19-Fäll ginn. Dës Leit wären awer net schlëmm krank.
62 Bewunner liewen den Ament zu Rëmeleng am CIPA.