Schnelltester kéinte ganz nei Méiglechkeete bidden
Nieft de Schoulen, kéinten d'Tester zum Beispill an den Altersheemer agesat ginn. Et kéint ee sech virstellen, do 2 mol d'Woch esou Tester ze maachen.
Schnelltester, déi mam Spaut fonctionéieren, kéinte ganz nei Méiglechkeeten opmaachen, dat seet den Thomas Dentzer, Coordinateur vun der Krisegestioun an der Santésdirektioun, dat, well ee kee medezinescht Personal brauch, fir se ze maachen. Nieft de Schoule kéinten d'Tester zum Beispill an den Altersheemer agesat ginn.
Et kéint ee sech virstellen, do 2 Mol d'Woch esou Tester ze maachen. Donieft wier een och amgaangen, mat den Apdikten ze kucken, wéi een dës Schnelltester fir déi generell Populatioun kann zougänglech maachen. Et wier och net ausgeschloss, de Leit dës Tester heemzeschécken. Wéini et sou wäit ass, kéint een awer nach net genee soen, esou den Thomas Dentzer. Den Ament wier de Staatslabo nach amgaangen, d'Zouverlässegkeet vun dësen Tester z'iwwerpréiwen: "Den LNS huet am Moment en Drive-In a mir hunn och do eng étude comparative gemaach, tëschent deene Methoden, déi mer elo hunn, an deenen Test salivairen. Mir schwätzen hei vun tests salivaires antigéniques, déi Schnelltester do, mee et ginn och Tests salivaires PCR, dat heescht, et muss een net méi duerch d'Nues fueren, fir eng PCR ze maachen, mee et kann een dat och am Spaut maachen. An déi si mer och amgaangen ze testen elo an do froe mer d'Leit dann, wa se fir hiren normalen Test kommen, fir den nasopharyngé, da froe mer 'wëlls de och eng Kéier hei an dat Dëppche späizen' oder 'däerfe mer och e bësse Spaut huelen' fir ze vergläichen, wéi gutt deen neien Test ass vis-à-vis vun deem alen."
Wa sech erausstellt, datt déi Schnelltester mam Spaut zouverlässeg genuch sinn, wäert d'Regierung da Commandë maachen. Et hätt ee gutt Kontakter mat enger Rei Fournisseuren, seet den Thomas Dentzer, ma et misst een dann dee Moment kucken, wéi séier wéi vill Tester kënne geliwwert ginn.
Déi Tester hätten ee grousse Virdeel, sou den Thomas Dentzer: "Am Moment ass et esou, dass mer déi Tester hunn, déi nasopharyngé oder oropharyngé, dat heescht Dir fuert Iech an d'Nues oder an de Mond an dat brauch natierlech medezinescht Personal, fir dass een engem net wéi deet a fir dass een och richteg erafiert. Wa mer elo op déi Spauttester ginn, do ginn et 2 Méiglechkeeten, entweder et späizt een a klengt Réierchen an da mécht een den Test oder et hëlt een e klenge Stäbecher an et fiert ee sech duerch de Mond. An dat kënne mir alleguer warscheinlech maachen."
Et géifen awer och Contrainte ginn. Et wéist een nach net genee, wéi sensibel d'Spauttester wieren, ma se wieren op alle Fall manner sensibel wéi d'PCR-Tester.
"Dat heescht, Verschiddener, déi positiv sinn, déi zéie mer net eraus, an et kann ee soen, mir zéien do déi Leit eraus, déi dee Moment an der Héichphase vun hirer Infektioun sinn, also déi dee Moment infektiéis sinn."
En negativen Test wier deemno net komplett zouverlässeg. E positiven awer duerchaus.
"Am Ufank hu mer gesot, fir sécher ze sinn, maach nach e PCR-Test no engem Antigène-Test. Mee et ass awer sou, dass wann den Antigen-Test positiv ass, dann ass et quasi sécher, dass ee positiv ass, dat heescht d'PCRe sinn och hannendru positiv. Dat hu mer elo gesi bei deenen Etüden déi gelaf sinn, an och bei eis."
Eng weider Hürd - wann een d'Zouverlässegkeet vun den Tester bis iwwerpréift hätt, misst een se dann och erbäi kréien. "Well mir kënnen elo déi super Strategie hunn mat deem super Test, a wann déi soen, mir kënnen Iech der just 10 d'Woch liwweren, da maache mer och näischt domat."
Et hätt een awer gutt Kontakter mat Fournisseuren an Europa an och a China a Korea, esou den Thomas Dentzer. Déi nächst Fro, déi sech da géif stellen, wier wéi een d'Tester bei d'Leit kritt, wa se bis do sinn.
"Am Large Scale Testing hu mer gesot, mir maachen Drive Inen a mir lueden d'Leit an an déi kommen dohin. Wann een elo sou Tester huet, déi méi einfach sinn, kann een dat op verschiddene Stützpunkte sinn, dat kënnen Apdikte sinn oder och aner Plazen. Do ginn et ganz vill Méiglechkeeten, et kéint een se souguer heem schécken."
Schlussendlech misst dann nach d'Fro gekläert ginn, wéi een d'Leit dozou kritt sech ze mellen, wa se positiv sinn. Dat wier wichteg fir de Contact Tracing, ma och fir de Leit z'erklären, wat si solle maache wa se Symptomer kréien. "Dir wësst vläicht, dass et scho Schnelltester fir HIV ginn, an do ass et bëssen eng aner Situatioun, well do wëllt ee jo net onbedéngt, datt een anere weess, datt een infizéiert ass, an do ginn et déi Tester scho méi laang, an déi kann een einfach kafen a selwer doheem maachen, an do ass just d'Recommandatioun, dass een da soll bei den Dokter goen."
Eng aner Méiglechkeet wier, dass een eng Plattform schaaft, op där d'Leit sech da kënne mellen, wa si e positiven Test hunn.
De Conseil Supérieur des maladies infectieuses huet mëttlerweil säin Avis zum Impfstoff AstraZeneca iwwerschafft a recommandéiert elo, datt déi 2. Dosis eréischt no 8 bis 12 Woche soll geimpft ginn, méi Infoen ginn et dozou an eisem Artikel. Et hätt ee mëttlerweil Etüden, déi géife weisen, datt d'Impfung dann nach besser géif wierken, seet dozou den Thomas Dentzer. Elo misst decidéiert ginn, ob déi 2. Dosis trotzdeem gehale gëtt, oder ob een eventuell elo den AstraZeneca méi séier verimpfe kéint.
"Mir si jo eigentlech ëmmer op där virsiichteger Säit, fir sécher ze goen, datt jiddereen déi 2. Dosis kritt, wann e se brauch. Et ginn Indikatiounen, datt ee schonn e gewësse Mooss vun Immunitéit huet no der éischter. Net sou gutt, wéi no der 2., mee schonn eng gewëssen Dosis vun Immunitéit huet een. An et geet am Fong elo drëms, ze kucken, wéi mer dat ëmsetzen, wéi vill Impfstoff mer op d'Säit setzen an ob mer e ganz halen oder net. Dat wäert awer elo an den nächsten Deeg dat operationellt Team kommunizéieren."
Méi wei 12 Woche sollt een allerdéngs net mat enger zweeter Dosis waarden, esou heescht et nach am Avis vum Conseil supérieur des maladies infectieuses.