
Dat mellt d’Lëtzebuerger Wort. Domadder wär den Lëtzebuerger Traditiounsbetrib elo zu 100 Prozent an däitscher Hand. Paul Wurth ass zanter 2012 Deel vum däitsche Grupp SMS, deen aktuell och an enger déiwer Krise stécht an e massiven Ofbau vun Aarbechtsplazen plangt.
Den OGBL kritiséiert dee Verkaf vun Undeeler. D’Gewerkschaft ënnersträicht awer, dass ee vun der Paul-Wurth-Direktioun versprach krut, dass d’Aarbechtsplaze sécher sinn.
