
Et géif awer keen Unhaltspunkt ginn, datt Kontrakter net agehale goufen, oder datt et Interessenskonflikter an eng Monopolstellung gëtt, sou déi gréng Ministesch weider.
Sollten awer konkret a fundéiert Indicë kommen, datt et Irregularitéite gëtt, da géif een där Saach natierlech nogoen.
Et wier dann och net esou, datt d’Gesetz vun 2005 op de d’Firma Oeko-Service zougeschnidde wier.
Hei géif sech op d’Gesetzgebung vun de marchés publics referéiert ginn, déi eng europäesch Ausschreiwung verlaangt.
Allgemeng géingen am Reporter-Artikel vill Verdachter a Vermutunge geäussert ginn, ouni awer konkret Beweiser vun Irregularitéiten ze liwweren.
Fir allem Eventualitéiten aus de Féiss ze goen, wäert awer eben en Audit gemaach ginn, heescht et aus dem Ëmweltministère, ënner anerem och fir ze kucken ob de comité de pilotage funktionéiert.