Déi wirtschaftlech Previsioune sinn erëm e bësse besser an d’Rezessioun d’lescht Joer war um Enn manner déif wéi erwaart.

Allerdéngs bestinn nach ëmmer grouss Ongewëssheeten iwwert den Timing vun der wirtschaftlecher Reprise. 2020 wäert d’Ekonomie ëm 1,3% zeréckgaange sinn, sou de Statec an enger neier Publikatioun. D’lescht Joer hat een nach mat enger Rezessioun vun 3,5 bis 4,5 gerechent.

Fir dëst an d‘nächst Joer gesäit de Statec elo eng Croissance vu 4 Prozent viraus.

RTL

© Statec

Wéinst den Ongewëssheeten huet de Statec awer och e pessimisteschen an en optimisteschen Zenario entwéckelt. Am beschte Fall deen, wou d’Kris quasi eriwwer wier an d’Ekonomie an der Eurozon staark géing urappen. Da kéint d’Ekonomie hei am Land d’nächst Joer ëm 7,1% wuessen. Am schlëmmste Fall, wa wéinst Mutatioune vum Virus d’Restriktioune fir d’ganzt Joer géinge gëllen, da géing d’Lëtzebuerger Ekonomie dëst Joer ëm en hallwe Prozent zeréckgoen.

RTL