D’Polemik ronderëm déi privat Sécherheetsfirma, déi zënter dem 1. Dezember 2020 op der Stater Gare patrulléiert, geet weider.

Deenen dräi Oppositiounsparteien um Knuedler ginn dës Patrullen esou géint de Stréch, datt si e Méindeg de Moie souguer op eng gemeinsam Pressekonferenz invitéiert hunn.

Dës Kontrolle wären net legal a géifen esouguer géint d’Verfassung verstoussen. Do wär nämlech gereegelt, dass d’Attributioune vun de Forces de l’ordre nëmmen duerch e Gesetz gereegelt däerfte ginn, an dat wär bei de Patrulle vun der privater Sécherheetsfirma op der Gare net de Fall. D’Kritik vun LSAP, Lénken a Gréngen ass net nei, mä d'Oppositioun am Stater Conseil insistéiert nach emol, dass och d'Stad Lëtzebuerg sech un d'Spillreegelen hale muss. De Guy Foetz vun déi Lénk: "D’Stad ass kee Staat am Staat. Och si musse sech un d’Gesetzer an d’Verfassung halen."

Dorunner géif och de Sondage vun der Stad Lëtzebuerg, deen d'lescht Woch presentéiert gouf, näischt änneren. An deem Sondage hunn 2/3 vun de 500 gefroten Awunner a Geschäftsleit aus dem Garer Quartier geäntwert, si géifen d'Präsenz vun de private Patrullen duerchaus appreciéieren. Den Tom Krieps vun der LSAP wonnert dat Resultat net: "Mä et ass déi falsch Fro. Et ass net well eng Partie Leit, déi op der Gare e Buttek hunn, sech wuel fillen, wann ee mat engem Hond laanscht d’Dier geet, dass et dofir legal ass. Mir schwätzen hei vun der Legalitéit vun där Aktioun an net nëmmen an der Stad, mä spéiderhin och am ganze Land.”

De Kontrakt mat der Sécherheetsfirma gouf mëttlerweil adaptéiert, et sollen nëmmen nach kommunal Infrastrukturen iwwerwaacht ginn. Mä an engem Bréif un d'Inneministesch Taina Bofferding reklaméieren déi dräi Stater Oppositiounsparteien a beleeën dat och mat Fotoen, dass och weiderhin op der Voie publique patrulléiert gëtt. Den Tom Krieps (LSAP) freet sech, wéi eng Conclusiounen een dorausser zéie muss an op d’Stad Lëtzebuerg sech iwwert d’Gesetzer ewechsetzen däerf.

D'Repressioun duerch privat Sécherheetsfirme géif de Problem op der Gare net léisen, dovunner sinn déi dräi Stater Politiker iwwerzeegt. Si fuerdere villméi eng besser Sozialaarbecht um Terrain oder besser Infrastrukture fir d'Fixerstuff Abrigado an hunn an deem Sënn e Méindeg den Owend eng Motioun am Stater Gemengerot deposéiert.