An der Ettelbrécker Strooss waren e Méindeg géint 17.25 Auer 3 Autoen net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf bei deem Accident blesséiert.

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vun Angelduerf an d'Ambulanz vun Dikrech.

Géint 19.20 Auer ass op der N11 um Jonglënster Contournement en Automobilist mat sengem Gefier an e Potto gerannt a gouf dobäi blesséiert. D'Iechternacher Ambulanz war op der Plaz, grad ewéi d'Pompjeeë vu Jonglënster.