Am Januar 2021Manner Faillitten ewéi am Januar 2020

RTL Lëtzebuerg
120 Faillitte goufen am Januar dëst Joer gesprach, esou de leschten Decompte vum Justizministère, deen de Statec e Mëttwoch matgedeelt huet.
© Archivbild

120 Faillitten, dat ass manner ewéi déi 154 Faillitte vu Januar 2020, virum Lockdown also.

Et gëtt also fir den Ament nach keng signifikativ Hausse vun de Faillitten, notéiert de Statec. Wéinst der aussergewéinlecher Situatioun duerch de Covid an de Restriktioune fir d’Ekonomie rechent den Institut fir Statistik awer mat enger Hausse vun de Faillitten an den nächste Méint.

Back to Top
CIM LOGO