De Punkt am Gesetzesprojet, an deem Poliziste fir administrativ Zwecker sollten en Accès op Bankkonte vu private Leit kréien, soll revidéiert ginn.

Dat ass d'Konklusioun vun der Chamberkommissioun e Mëttwoch de Moien, wou déi dräi zoustänneg Kommissiounen, Budget a Finanzen, bannenzeg Sécherheet, esou wéi och d'Justiz zesummekomm sinn.

Chamberkommissioun Police / Reportage Monica Camposeo

Wéi d'Diskussioun Ugangs vum Joer an der Chamber opkomm war, war net direkt kloer, wéi ee Ministère fir dës Fro zoustänneg wier. Dowéinst hat d'CSV d'Initiativ ergraff, fir de Policeminister Henri Kox, wéi och de Finanzminister Pierre Gramegna an d’Justizministesch Sam Tanson an déi dräi Kommissiounen ze ruffen. Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar weist sech zefridden mam Resultat vun den Diskussiounen. Et wier ee sech eens gewiescht, dass Prezisiounen am Text néideg sinn.

Dowéinst sollen d‘Ännerungen esou kloer wéi méiglech formuléiert ginn, fir all Mëssverständnesser aus der Welt ze schafen.

An do ginn et vun den Deputéierten och ganz kloer Fuerderungen. Nëmme speziell habilitéiert Beamte sollen Zougrëff op d’Bankkonte kréien, esou de Sven Clement vun der Piratepartei. Wéi ee Grad vu Beamten den Accès brauchen, konnt nach net gekläert ginn, déi Informatioun wëllen d’Ministeren noreechen.

Et wier och doriwwer geschwat ginn, ob d'Zuel vun de Polizisten, déi den Accès op Bankkonte solle kréien, net sollt limitéiert ginn, esou nach d'Presidentin vun der Kommissioun fir bannenzeg Sécherheet Stéphanie Empain. Méiglech wier et och, dass den Accès net nëmmen vun der Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur kontrolléiert gëtt, mee direkt iwwert d'CSSF leeft.

Déi gréng Deputéiert Stéphanie Empain huet den Austausch an der Chamber op jidder Fall positiv fonnt. Et wier e wichtegen Dossier an elo kéint een och weiderkommen.

De Gesetzesprojet ass deposéiert an d'Chamber soll esou séier et geet déi beschwate Prezisioune virgeluecht kréien.