Wësse wien een ass a wou een higehéiert, déi Froe stelle sech wuel vill Leit mat auslänneschen Originnen.

An der éischter Hallschent vum 19. Joerhonnert sinn eng ganz Rëtsch Lëtzebuerger, zesumme mat Däitschen aus der Musel-Géigend, a Brasilien ausgewandert. Dat, fir sech do ee bessert Liewen opzebauen. Ma déi Leit hu mat de Joren hir eege Famill gegrënnt, déi elo ewell an der véierter oder fënnefter Generatioun ukomm sinn.

Duerch eng extra Prozedur am Nationalitéitegesetz - dem sougenannte Procès de Recouvrement - hunn dës Nokommen d'Recht, d'Nationalitéit vun hire Virfaren ze recuperéieren. D'Konditioun ass, datt de Virfaren um 1. Januar 1900 Lëtzebuerger Staatsbierger war.

An der Zäitspan, an där d'Demanden iwwert de Procès de Recouvrement méiglech waren - also tëscht 2009 an 2018 – si beim Justizministère insgesamt 15.477 Demandë vu Brasilianer ugeholl ginn. Bis ewell hu 5.071 Nokommen aus Brasilien de Lëtzebuerger Pass kritt. Déi aner 10.406 Demandë sti bis ewell nach op.

Zwee Lëtzebuerger Nokommen aus Brasilien erzielen, wisou si Staatsbierger gi sinn

Déi gebierteg Brasilianerin Flávia Bley wunnt a schafft zanter sechs Joer am Grand-Duché. Zwee Joer virdrun hat si déi Lëtzebuerger Nationalitéit ugefrot a kritt. Dat, well si Ururgroussenkelin vum Nicolas Bley ass. Engem am Joer 1828 a Brasilien ausgewanderte Lëtzebuerger.

Ma och d'Salete Kons huet virun dräi Joer de Lëtzebuerger Pass kritt, well si eng Lëtzebuergesch Ururgroussbomi huet. Anescht wéi d'Flávia Bley, huet d'Salete Kons awer net wëlles an Zukunft am Grand- Duché ze liewen. Fir si war d'Recuperatioun vun der Nationalitéit virun allem eng Äntwert op d'Sich no hirer Identitéit.