National Ethikkommissioun begréisst europäeschen Impfzertifikat

© RTL
Stand haut ass net ze vertrieden, wa Persounen anescht behandelt ginn, jee nodeems, ob se géint de Coronavirus geimpft sinn oder net.
Wat méi laang Zäit vergeet an ëmmer méi Vaccin disponibel ass, wat een awer net do derlaanscht kënnt, zu där Konklusioun kënnt déi national Ethikkommissioun an hirem leschten Avis. De proposéierten europäeschen Impfzertifikat gëtt ausdrécklech begréisst.
Wat bis elo den negative PCR-Test war, riskéiert ganz geschwënn de Corona-Impfpass oder wéi e lo genannt gëtt, de "Gréngen Zertifikat" ze ginn. Däers ass sech och déi national Ethikkommissioun bewosst.
Och wann ee sech net wënscht, datt Persounen anescht behandelt ginn, ob se géint de Covid geimpft sinn oder net, géif een dat wuel net ganz evitéiert kréien.
Dës Fro géif sech zwar Stand haut nach net stellen, mengt déi national Ethikkommissioun. Zu engem Ament, an deem de Vaccin nëmmen engem gewëssenen Deel vun der Populatioun zousteet a vill Leit also onfräiwëlleg nach net geimpft konnte ginn. Duerfir misst den Ament och jiddereen a puncto Covid-Restriktiounen d'selwecht behandelt ginn. Mëttelfristeg, wa bis genuch Vaccin do ass, plädéiert den Ethikrot awer fir e standardiséierten Impfzertifikat, deen op europäeschem, op internationalem Niveau an den Asaz kënnt. Sou en Dokument, dat jo e Mëttwoch vun der EU-Kommissioun presentéiert gouf, dierft net als "Pass fir Privilegéierter" duergestallt ginn. D'Tatsaach, seng Fräiheet zréckzekréien, wier nämlech kee Privileeg, mä e Recht, betount déi national Ethikkommissioun, grad wéi den Accès zu der Impfung och e Recht wier, deen dowéinst sou séier wéi méiglech misst jidderengem zougänglech gemaach ginn.
Laangfristeg kënnt een dem Avis no och net derlaanscht, fir déi sanitär Mesurë méi nuancéiert z'applizéieren. Leit, déi scho geimpft sinn an doduerch och e solidareschen Akt fir d'Gemeinschaft leeschten, dierften net méi laang wéi néideg hir Fräiheete beschnidde kréien. Den Ethikrot gesäit zum Beispill net, wéi ee geimpfte Persounen et nach verbidde kéint, sech am Privaten ze treffen. Och kéint een net vun enger Diskriminatioun schwätzen, wéi Privatorganisateure vun Evenementer oder Reesen eng Covid-Impfung oder en Test froen.
De Staat dogéint misst jidderee sou laang d'selwecht behandelen, sou laang net fir jidderee Vaccin zur Verfügung steet. Déi national Ethikkommissioun ass dann awer och derfir, datt ee per Gesetz a spezifesche Situatiounen an am Aklang mat den ethesche Prinzippien, iwwer obligatoresch Impfunge fir gewësse Beruffsgruppen nodenke misst. Zum Beispill fir Santéspersonal, dat vulnerabel Patiente behandelt. Och déi systematesch Coronatester missten obligatoresch ginn. Déi national Ethikkommissioun betount an hirem Avis ganz kloer, datt de perséinleche Choix, fir sech net géint de Covid impfen ze loossen, och eng verpasste Chance fir d'Allgemengheet wier. Dee Message géif awer leider quasi guer net vun der Regierung an de Medie kommunizéiert ginn. Eng obligatoresch Impfung wier zwar politesch net gewollt, duerfir awer keen etheschen Tabu. All eenzel Impfung wier net nëmmen e Schutz fir sech selwer, mä géif och d'Häerdenimmunitéit weiderbréngen, déi d'conditio sine qua non wier, fir datt mer all eis Grondrechter nees erëmkréien.