An de Katakombe vum Centre de la Jeunesse am Mariendall sinn am Ganzen 18 Projeten aus 6 verschidde Kategorië  presentéiert ginn.

2015 huet de Service nationale de la jeunesse (SNJ) fir d'éischte Kéier de sougenannte Jugendpräis lancéiert. Dëse gëtt zanterhier all 2 Joer organiséiert a bitt soumat all deenen eng Plattform, déi Projete mat Jonken an/oder fir Jonker maachen. Dëst Joer sinn aus de soss just zwou Kategorien, ganzer 6 ginn. Fir datt, sou de Responsabele vum Jugendpräis Jeff Faltz, eng ganz Rei u breet gefächerte Projete virstelle kann. Well et géif hei am Land tatsächlech vill am Beräich vun der Jugend gemaach ginn.

An enger Pre-Selektioun waren am Ganzen 18 Projeten zréckbehale ginn. Dëst goufen elo, vun de respektive Kandidaten, virun enger Jury presentéiert. Fir dësen Zweck sinn d'Katakombe vum ale Klouschter am Mariendall an eng Aart Fernsee-Studio ëmgewandelt ginn – soudatt d'Kandidaten do hire Pitch maache konnten.

Wéi d'Entscheedung vun der Jury ausgefall ass, dat gëtt een eréischt de 6. Mee op enger Gala am Forum Geesseknäppchen gewuer.

Déi sougenannte Remise des Prix kann ee per Live-Stream suivéieren. Zousätzlech dozou wäert et am Viraus, also an der kommende Wochen, och méiglech sinn, ee Prix du Public auszewielen. Infoen dozou geschwënn hei op RTL.lu.

Weider Detailer zu de Projete fënnt een op www.jugendprais.lu.