LNS
Brittesch Variant zu Lëtzebuerg am meeschte vertrueden

Ronn 3/4 vun alle Coroana-Infektiounen hei am Land, sinn op déi brittesch Variant vum Virus zeréckzeféieren.
Den LNS huet an der 12. Kalenner-Woch och nees verschidde Covid-Prouwe sequenzéiert, an dobäi ass kloer ginn, dass déi brittesch Variant vum Coronavirus, déi mat der ominéiser Notioun B.1.1.7, weider am Stäerkste bei den Infektioune vertrueden ass, mat ganzer 73,5%.

Deemno kann ee soen, dass ronn 3-Véirels vun allen Infektiounen am Land, op déi Variant vum Virus zeréckzeféiere sinn.
18,4% sinn et fir déi sougenannten südafrikanesch Variant, confirméiert den LNS an engem Communiqué vun en Donneschdeg de Mëtten.
689 Prouwen huet de Staatslabo am Laf vun där Woch analyséiert.
Am meeschte gelies