
Op der Areler Autobunn konnt een e Mëttwoch de Moien eng 60 Leit, déi rout oder gréng gekleet waren, observéieren, wéi si op enger Bréck op der Héicht Mamer stoungen. Wien an d’Stad gefuer ass, konnt hir Fuerderung kloer erkennen: "+300€ Salaire Minimum 1er Mai”. D’Membere vum LCGB an OGBL fuerderen also, datt de Mindestloun vum nächste Mount un ëm 300 Euro eropgesat soll ginn.
Um Dag vun der Aarbecht hale jo traditionell d’Gewerkschaften hir Éischt-Mee-Feieren of. An och hei wäerten den OGBL an den LCGB dës Fuerderunge wuel eng weider Kéier widderhuelen.
Dës Fuerderung ass dann och Thema an eiser Emissioun “Invité vun der Redaktioun - Spezial”, an där sech d’Nora Back vum OGBL als Vertriederin vun der Union Syndicale mam UEL-President Michel Reckinger an dem Aarbechtsminister Marc Spautz géinteniwwer sëtzen.