Rapport vu Cour des comptesFrank Engel krut privat sozial Cotisatiounen aus der Parteikeess bezuelt

RTL Lëtzebuerg
D’CSV seet, datt de Generalsekretär an den Tresorier vun 2019 formell kontestéieren, datt si hiren Accord derfir ginn hätten.
© RTL-Archiv

De Frank Engel krut vun der CSV tëscht Januar 2019 a Mee 2020 seng sozial Cotisatiounen, déi hien als Privatmann abezuelt huet, vun der Partei zeréckbezuelt. Dat steet an engem Rapport vum Rechnungshaff iwwer de Finanzement vun de politesche Parteie vun 2019.

En Donneschdeg ass de Rapport vun der Cour des comptes un d’Parteie gaangen. Dat Dokument läit RTL vir. Eisen Informatiounen no geet et ëm 6.000 Euro.

PDF: Rapport vum Rechnungshaff

Back to Top
CIM LOGO